Police sicht no ZeienPersoun op E-Trottinett zu Ierpeldeng-Sauer vun engem Auto ugestouss

RTL Lëtzebuerg
Géint 10 Auer en Dënschdegmoien ass et um Zebrasträife bei der Tankstell zu Ierpeldeng-Sauer an der Rue du Viaduc zu engem Accident komm.
© Police / RTL Grafik

Den éischten Informatiounen no gouf eng Persoun, déi hei mat hirer E-Trottinett ënnerwee war, vun engem Auto ugestouss.

An deem Zesummenhang sicht d'Police no Zeien, déi den Accident gesinn hunn oder soss Aussoen iwwert den Oflaf vum Onfall respektiv zum Auto oder dësem sengem Chauffer kënne maachen. Alleguer d'Informatioune si fir de Policekommissariat vun Ettelbréck. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 84 1000 oder per Mail u "police.ettelbruck@police.etat.lu".

© Police Lëtzebuerg

Back to Top
CIM LOGO