Um Përmesknupp zu KaunerefPilger gedenken dem Hellege Pirmin um Päischtméindeg

Céline Eischen
Um Päischtméindeg hu Pilger zu Kauneref eng Mass um Përmesknupp gefeiert an traditionell zwou Quelle gesent.
D'Kierch zu Kauneref um Päischtméindeg 2026.
© Céline Eischen

Et ass eng Traditioun um Päischtméindeg zu Kauneref: Um Përmesknupp komme Pilgerinnen a Pilger beieneen, dat am Undenken un den Hellege Pirmin.

Um kuerz virun 9 Auer war et de Rendez-vous fir d'Pilger bei der Kierch zu Kauneref. Duerno ass et fir eng Mass op de Përmesknupp gaangen, ier déi zwou Quellen an der Kleisgen gesent gi sinn – der Traditioun no gëtt dësem Waasser eng heelend Wierkung nogesot.

Back to Top
CIM LOGO