D’Eltere géifen de Choix ewech geholl kréien, well si et sech net leeschte kéinten, fir méi Zäit mat hire Kanner ze verbréngen. Wien seng Kanner awer selwer versuerge wëll a se net an eng Crèche schéckt, dee géing guer näischt kréien. Dowéinst fuerderen d’Piraten d’Aféiere vum bore Chèque-service d’accueil.
Et wär och eng Ongerechtegkeet, datt de Partner just e Congé de naissance vun 10 Deeg kritt.