
Si bedauert, datt d’Ambitioun vum Plang wäit ënnert deem läit, wat néideg wier, fir d’Aarmut wierklech ze bekämpfen. D’Land bräicht kee Plang, deen d’Aarmut organiséiert a geréiert, ma e Plang, deen dës effektiv reduzéiert, esou d’Presidenten Nora Back a Patrick Dury an dësem Schreiwes.
D’Aarmut géif net manner ginn, andeems Plattformen, Guicheten a Formatioune geschaaft géifen, ma andeems d’Paien an d’Luucht ginn, de Logement méi abordabel gëtt an déi sozial Rechter gestäerkt géifen. Notamment bedaueren d’Syndikater, datt de Plang sech net mam Mindestloun beschäftegt. Dobäi wier dat essentiel, fir der Aarmut entgéintzewierken, grad well de Phenomen vun de “Working Poor” hei am Land Dausende Leit betrëfft.
D’selwecht feelt et de Gewerkschaften u konkreten, contraignanten a chiffréierte Mesuren, fir d’Spekulatioun am Logement ze bekämpfen a méi abordabele Wunnraum ze schafen. Weider gëtt kritiséiert, datt d’Gewerkschaften net mat um Dësch sëtzen, fir de Suivi vum Plang ze maachen. Ëmmerhi wiere si all Dag am direkte Kontakt mat deene Leit, déi vun Aarmut betraff sinn.
Liest dozou och dësen Artikel vu leschter Woch: