
Am Nomëtten haten Täter an der Rue des Celtes zu Bartreng eng Dier vun engem Appartement opgebrach an hei d’Raim duerchwullt. E bësse méi spéit koum et zu engem Abroch an en Haus zu Eeselbuer, wou sech d’Täter iwwert eng Terrassendier Accès verschaf a Kummeren duerchsicht hunn. Schliisslech gouf et dann owes nach en Abroch an der Briddeler Strooss zu Bäreldeng.
D’Police weist an hirem Bulletin nees op hir preventiv Rotschléi hin, mat deenen ee sech virun Abriecher schütze kann. Dës fannt Dir hei.