
Géint 7.30 Auer en Dënschdeg de Moie gouf der Police op der Theaterplaz an der Stad, direkt beim Enn vun der “Côte d’Eich” eng gréisser Bluttspuer gemellt. Iwwerpréiwungen hunn erginn, datt et sech ëm d’Blutt vun engem Mënsch géif handelen. Bis ewell konnte e méiglecht “Affer”, dat d’Blutt verluer huet, awer net lokaliséiert ginn. Et gouf weder en Asaz vun de Rettungsdéngschter nach vun der Police an och huet sech keng Persoun an engem Spidol gemellt.
An deem Zesummenhang sicht d’Police elo no Zeien, déi eventuell Informatiounen zu dësem Virfall hunn. Si oder och dat méiglecht Affer kënne sech bei de Beamten um Büro vun der Ville-Haute, ënnert der Telefonsnummer (+352) 244 21 1000 oder per E-Mail u police.villehaute@police.etat.lu mellen.
Op Biller, déi kuerz nom Tëschefall gemaach goufen, kann een d’Bluttspueren op der Plaz erkennen.

*An enger éischter Versioun vum Artikel goung vun enger méiglecher Kläpperei an der Géigend riets, déi den Ausléiser vum Asaz war.