DrogenhandelPolice pëtzt 3 Dealer zu Ettelbréck, Dikrech a Stengefort

RTL Lëtzebuerg
No méintlaangen Ermëttlungen ass et der Dikrecher Police a Spezialunitéite vun der Police gelongen, 3 Persoune wéinst Drogenhandel festzehuelen.
© Police

Dëst an de Gemengen Dikrech, Ettelbréck a Stengefort. Déi 3 si virun den Untersuchungsriichter komm, dee se doropshin an Untersuchungshaft gestach huet.

Am Kader vun de Verhaftunge gouf et och eng Partie Perquisitioune bei deene 580 Gramm Heroin, 44 Gramm Haschisch, e bësse Marihuana, 4,8 Gramm Kokain, 23.240 Euro Boergeld a 4 Gefierer saiséiert goufen.

Back to Top
CIM LOGO