Och Helikopter war am AsazPolice hat am Raum Nidderkuer no engem Iwwerfall no méiglechen Täter gesicht

RTL Lëtzebuerg
Um Donneschdeg den Owend kuerz virun 22 Auer hat d'Police eng Warnung fir de Raum Nidderkuer an der Gemeng Déifferdeng erausginn.
© Laurent Weber

Et war den Appell vun der Police, an an ëm Nidderkuer keng Leit mam Auto matzehuelen. D'Police war um Donneschdeg den Owend nämlech an der Uertschaft an der Gemeng Déifferdeng op der Sich no engem oder méi presuméierten Täter no engem Iwwerfall.

Vu Persounen, déi an der Ëmgéigend wunnen, krute mer eragemellt, datt och den Helikopter vun der Police am Asaz wier. Déi Informatioun konnt eis de Pressebüro vun der Police net op déi éischt Nofro confirméieren. Kuerz drop konnte si awer bestätegen, datt den Helikopter vun der Police zu Nidderkuer am Asaz wier. Kuerz virun 23 Auer huet sech den Helikopter nees a Richtung Findel gemaach.

Ob déi flüchteg Täter konnte gepëtzt ginn, ass den Ament nach onkloer.

Back to Top
CIM LOGO