No Accident zu Péiteng duerch d'Bascht gemaachPolice sicht no Persoun, déi zu fouss ënnerwee ass

RTL Lëtzebuerg
En Automobilist, deen ze séier ënnerwee war, soll op enger Kräizung zu Péiteng en Accident verursaacht hunn an duerno fortgelaf sinn.

Géint 13.10 Auer e Mëttwochmëtteg ass et zu Péiteng zu engem Accident tëscht zwee Gefierer komm. Den éischten Informatioune vum Pressebüro vun der Police no hätte sech op der Kräizung tëscht der Route de Longwy an der Rue des Romains en Auto an eng Camionnette ze pake kritt. Wéi et vun Zeien op der Plaz heescht, wier de Chauffer vum Auto mat héijer Vitess ënnerwee gewiescht an hätt den Accident verursaacht. D'Fuererin vun der Camionnette ass beim Accident liicht blesséiert ginn.

De Chauffer vum Auto ass nom Accident a Richtung vun der Rue Batty Weber geflücht, a gëtt den Ament vun der Police gesicht. Hien ass Mëtt 20, huet kuerz Hoer an e kuerze Baart. Den éischten Informatiounen no hätt hie bei senger Flucht eng orange Jackett, e wäisst Hiemchen, eng donkel Box an e Rucksak ugehat.

Am Kader vun der Sich ass tëschenduerch och de Policehelikopter agesat ginn.

Wien an deem Kontext eppes Relevantes gesinn huet, ass gebieden, sech beim Policekommissariat Käerjeng/Péiteng ze mellen. Dat ënnert der Telefonsnummer 244 56 1000.

Back to Top
CIM LOGO