
Mam Ufank vum Chrëschtmaart an der Stad wier d’Zuel vun den Iwwerfäll net just op de Mäert, ma och am ëffentlechen Transport staark an d’Luucht gaangen, mellt d’Police. Op dëse Plaze sollten d’Leit besonnesch op hir Saachen oppassen. D’Beamte wieren dowéinst och méi um Terrain, fir Presenz ze weisen - dat virop an deenen Zäiten, wou vill lass ass. D’Police weist drop hin, datt d’Leit d’Beamten op der Plaz och direkt kënnen uschwätzen, wa si ee Problem hunn.
D’Täschendéif géife ganz gäre Mënschemassen notzen, oder aner Momenter, an deenen hir Affer ofgelenkt sinn, fir hinnen d’Wäertsaachen ze klauen. Dacks bemierken d’Affer d’Dot och eréischt ee gudde Krack méi spéit. D’Police encouragéiert d’Leit, trotzdeem eng Plainte ze maachen, wa si mierken, datt hinnen eppes geklaut gouf. Suspekt Persoune kënnen der Police iwwerdeems iwwer den 113 gemellt ginn.