
E Freideg den Owend gouf et op dräi Plaze kleng Bränn, ma de CGDIS mellt keng Accidenter fir déi Zäit. Zu Schwéidsbeng op der Route du Vin huet géint 20 Auer eng Poubelle gebrannt, zu Zéisseng um Kuelebierg hunn d’Pompjeeë géint 20.30 Auer misse wéinst engem Kamäin uréckelen, an zu Haler an der Rue du Hallerbach huet géint 21.15 Auer ee Container gebrannt. Glécklecherweis ass an allen dräi Fäll kengem eppes geschitt.