
Sou zum Beispill am Nomëtten um Stater Chrëschtmaart, wou eng Persoun hir Posch geklaut krut. Se konnt spéider erëmfonnt ginn, allerdéngs ouni Bankkaart a Boergeld. E weideren Déifstall gouf dunn am Tram a Richtung Gare gemellt, hei krut eng Persoun den Handy aus der Täsch vum Mantel geklaut. D’Police huet a béide Fäll eng Enquête lancéiert.
Tipps fir Iech virun Täschendéif ze schützen, fannt Dir hei:
Och koum et e Mëttwoch zu op d’mannst zwee Abréch. An der Rue Pierre Schütz zu Nidderkäerjeng waren onbekannt Täter am Nomëtten iwwer eng Fënster an en Haus erageklomm an hunn hei Raim duerchwullt.
Am spéiden Owend war et dunn en Abroch an en Appartement um Sentier du Bricherhof am Neiduerf. Hei sinn eng Rei Géigestänn geklaut ginn, nodeems d’Täter iwwert e Balkon an d’Wunneng koumen. Och hei si vun der Police Ermëttlunge lancéiert ginn. Tipps fir Iech virun Abriecher ze schützen, fannt Dir um Site vun der Police.