
De Parquet mellt e Méindeg, datt am Kader vun den Ermëttlunge wéinst de sëllege rezente Fäll vu Phishing e “potentielle Money Mule” festgeholl gouf, nodeems et zu enger Rei Perquisitioune komm ass. D’Police huet deemno e Freideg eng Persoun festgeholl, den Dag drop koum dës virun den Untersuchungsriichter.
Wéi bei all Enquête gëllt och an dësem Fall d’Présomption d’innocence, bis en Urteel vum Geriicht gesprach gouf.