
Am Zesummenhang mat de bal 900 Kilo Kokain, déi am Februar d'lescht Joer zu Bilschdref fonnt goufen, koum et a Kolumbien zu enger Festnam. Et handelt sech ëm de 46 Joer alen "Hermes" Julian, dee verdächtegt gëtt mat am Coup gewiescht ze sinn. Dat huet d’Wort haut geschriwwen – d'Zeitung berifft sech op kolumbianesch Medien.
Den Hermes wier eng 50 Kilometer vu Medelin ewech vun der kolumbianescher Police an Agente vun Europol an Ameripol festgeholl ginn. Heiheem hat d'Police de Kokain an den Trommele vun enger Maschinn, déi aus Kolumbien importéiert gouf an op engem Haff zu Bilschdref gelant war.