
A Gefier zu Dikrech agebrach
E spéide Samschdegnomëtteg krut d’Police gemellt, dass an en Auto um Dikrecher Parking agebrach gouf. Eng Fënster war dofir ageschloen ginn. Geklaut gouf ënner anerem e Laptop a Kopfhörer. Am Laf vun den Ermëttlunge konnt ee Verdächtege gestallt an déi geklaute Saache séchergestallt ginn. Op Uerder vum Parquet gouf dee Verdächtege festgeholl an hat e Sonndeg de Moie scho Rendez-vous virum Untersuchungsriichter.
Allgemeng gouf der Police no an de leschte Stonne vill a Gefierer agebrach. Zum Beispill e Samschdeg de Moien an e Won an der Rue Charles Darwin zu Gaasperech. Och do gouf eng Fënster ageschloen.
Géint 04.30 Auer an der Nuecht op e Sonndeg gouf een Onbekannte gemellt, dee sech an der Val Ste Croix um Belair en Zougang zu engem Auto verschaaft hat. Do war allerdéngs vergiess ginn, eng Fënster zouzemaachen. Den Täter konnt flüchten a gouf och net erëmfonnt.
A sämtleche Fäll lafen d’Ermëttlungen. Präventiv Rotschléi kann een um Site vun der Police noliesen.
Presuméierten Drogendealer am Garer Quartier gepëtzt
Géint 21.25 Auer gouf eng Patrull, déi an Zivil ënnerwee war, an der Rue de la Fonderie am Stater Garer Quartier vun engem Mann ugeschwat. Ob si Droge wéilte kafen an hien huet si drop higewisen, dass en eppes bei sech hätt. D’Poliziste hu sech z’erkenne ginn. De Parquet gouf informéiert an de presuméierten Dealer festgeholl. Och fir hie goung et e Sonndeg de Moie virun den Untersuchungsriichter.
Alkohol um Steier
E Samschdeg den Owend ass enger Patrull ee Won opgefall, deen am Zickzack op der Tréierer A1 gesteiert gouf. De Chauffer gouf direkt ugehalen a kontrolléiert. Dësen huet däitlech Unzeeche vun Alkoholkonsum opgewisen a krut de Permis ofgeholl.
E Sonnde de Moie fréi ass eng Policepatrull nach op een aneren Automobilist opmierksam ginn. Dësen hat d’véier Winkere vu sengem Won ugemaach an ass am Schrëtttempo gefuer. Bei der Kontroll sinn de Beamten nach zwee Platter opgefall an, dass de Chauffer ze déif an d’Glas gekuckt hat. Den Alkoholtest war positiv an de Fürerschäi fort.