Affär Philippe Wilmes"Prinzip vum Etat de Droit vu Ministesch mat Féiss getrëppelt"

Roy Grotz
Raphaëlle Dickes
Sou d'Reaktioun vum Maître Prum, Affekot vum suspendéierten Dokter am RTL-Interview. Donieft gouf et Reaktioune vun der Spidolsfederatioun an den Deputéierten.
Affär Philippe Wilmes: Explikatioune vum Raphaëlle Dickes
Am Dossier ronderëm de suspendéierten Dr Philippe Wilmes huet d’Raphaëlle Dickes den aktuelle Stand zesummegefaasst. Donieft huet och den Affekot reagéiert.

Och um juristesche Plang wiert sech de fréieren AMMD-Vizepresident géint d’Decisioun vun der Santésministesch, déi RTL och schrëftlech virläit. Um Fong ass d’Decisioun vun der Ministesch Deprez illegal, well dem Orthopäd näischt kéint virgeworf ginn a well keng Positioun zur anonymmer Denonciatioun konnt geholl ginn. Sou seet et d’Defense vum Dokter Wilmes, déi vu graven Accusatioune schwätzt. De Collège Médical kritt iwwerdeem formell Feeler reprochéiert.

Den Affekot vum suspendéierte Chirurg seet sech um RTL-Mikro zudéifst schockéiert iwwert de Fait, datt säi Mandant “aus dem Näischt eraus” einfach sou ka vu sengem Beruff ecartéiert ginn, ouni sech kënne géint Behaaptungen ze wieren. De Prinzip vum Etat de Droit wier vun der Ministesch mat Féiss getrëppelt ginn.

Och d’Argumentatioun am ministeriellen Arrêté an z.B. de Reproche vu méiglechen Mutilatiounen am Avis vum Collège Médical weist de Maitre François Prum vu sengem Mandant:

“Mat deem Avis - ech soen Avis vum Collège médical - do geet et jo awer hei ëm ganz grav Infraktiounen, déi den Dr. Wilmes soll gemaach hunn, an zwar Mutilatiounen, ob gutt Lëtzebuerg gesot, Verstümmelungen. Also geet et schonn ëm déi Faiten. An dat hutt Der gesinn, de Parquet huet jo och dozou Stellung geholl, an deenen Dossiere läit mol net den Ufank vun engem Beweis vun esou Faiten do, also wann d’Ministesch da soll eng Decisioun huelen, wou se seet, et ass Péril en la demeure, éischtens, an et ass e Risk fir d’ Santé publique, deen eminent ass. Dat sinn awer d’Konditiounen, déi d’Ordonnance oder fir éischter den Arrêté muss erfëllen, fir iwwerhaapt kënnen eng Decisioun ze huelen. Dofir ass et scho wichteg ze wëssen: ass e seriöse Verdacht do vu senger Verstümmelung? Mir soen Nee, den Dossier seet Nee, d’Ministesch seet Jo.”

Extrait Maître Prüm

De Parquet hat jo e Freideg matgedeelt, datt am Kader vun enger Denonciatioun vum Collège médical am Dezember keng strofrechtlech Infraktioun fonnt gouf. De Parquet huet de Collège médical invitéiert, eng disziplinaresch Prozedur opzemaachen, sollte méiglech berufflech Feeler vum Dokter virleien. Fir den Affekot vum Dokter Wilmes hätt vu vir era missen eng Fro beäntwert ginn:

“Huet den Dokter Wilmes (...) iergendwéi och nëmmen ee Patient operéiert, wou de Knéi gesond war? Dat ass am Fong dat, wat d’Expertise mussen erginn an et ass genee dat, wat am Fong och de Collège médical en ament hätt sollte maachen an et ass genee dat, wat de Parquet am Fong dem Collège médical lo suggeréiert. Macht Är Aufgab, maacht Är Enquête, maacht Är Expertisen, da kucke mer weider. An hei ass et ëmgedréint gelaf, hei gëtt fir d’éischt den Dokter aus dem Circuit geholl, gëtt fir d’éischt strengstens penaliséiert. An da kucke mer, wat duerno geschitt”

De François Prum freet sech dann och iwwerhaapt, wat genee d’Motivatioun vun der Ministesch Deprez war, fir den Dokter Wilmes “aus dem Verkéier ze zéien” - juristesch Reprochë sinn a sengen Ae keng ze fannen. Bis ewell wieren den Dokter Wilmes a säin Affekot och nach net vum Collège Médical kontaktéiert ginn. D’Decisioun vun der Ministesch gëtt um Fong virum Verwaltungsgeriicht traitéiert, d’virleefeg Suspensioun fir keng Operatiounen dierfen ze maachen, gëllt fir d’Dauer vun dräi Méint.

Spidolsfederatioun stellt sech hannert de Collège Medical, fuerdert gläichzäiteg awer Reform

Nieft den Deputéierten huet och d’Spidolsfederatioun FHL op d’Affär reagéiert. Dës berifft sech op déi allgemeng Prinzippien, datt Spideeler esouwuel d’Sécherheet vum Patient wéi och déi therapeutesch Fräiheet vum Dokter misste schützen. An dëser konkreter Affär stellt d’FHL sech awer hannert de Collège Médical, fuerdert awer gläichzäiteg och eng Reform vum legalen Dispositif vum Collège.

Liest hei d’Schreiwes vun der Spidolsfederatioun

Wéi dacks kënnt et vir, datt en Dokter suspendéiert gëtt?

D’Santé schreift op eis Nofro, datt et an de leschte 5 Joer zu 10 Suspensioune koum. Se géifen um fixéierten Datum auslafen a kéinte vum Gesetz hir bis Maximum 2 Joer verlängert ginn. De Collège médical iwwerdeems krut 2023 eng 115 an 2024 insgesamt 145 Plaintë géint Dokteren. Entweder vu Patienten oder Etablissements public’en. Dokter géint Dokter goufen et bal keng.

© RTL Grafik

Wéi geet et elo virun am Dossier?

Zitt d’Ministesch d’Suspensioun net zréck, da wäert den Dr Wilmes Recours virum Verwaltungsgeriicht aleeën. Prinzipiell ass et awer elo mol sou, datt den Dokter 3 Méint suspendéiert ass. An där Zäit muss eng Expertise erstallt ginn opgrond vun 3 Experten. Ee kann den Dokter selwer wielen, ee gëtt vun der Direktioun vun der Santé ernannt an ee sollen déi zwou Parteien zesummen eraussichen. An da muss doropshin entscheet ginn, ob den Dokter nees schaffe kann oder net.

Liest zum Sujet och dës Artikelen:

Back to Top
CIM LOGO