2021 en neie RekordPrivatbanken zu Lëtzebuerg verwalten e Verméige vu 600 Milliarden Euro

RTL Lëtzebuerg
De Privatbanken zu Lëtzebuerg geet et den Ament gutt. Trotzdeem kuckt de Secteur mat Virsiicht op déi ekonomesch Entwécklungen an dësem Joer.
2021 esou vill wéi nach ni
Privatbanken zu Lëtzebuerg verwalten e Verméige vu 600 Milliarden Euro

D’Hausse vun den Zënse bleift do éischter niewesächlech. D‘Private Banking Group hat e Freideg op eng Pressekonferenz invitéiert.

Privatbanken - Bilan PBGL / Reportage Diana Hoffmann

Zejoert goufen et 48 Privatbanken am Grand-Duché. Dat sinn der 18 manner wéi nach 2015. Ma all ze vill Grond, sech Suergen ze maachen, gëtt et net, well d’Zomm vum verwalte Verméigen am Private Banking zejoert mat 600 Milliarden Euro en neie Rekord erreecht huet. Virun 10 Joer war dat net emol d’Hallschent. Dëst Joer hëlt de Pierre Etienne Chef vum Private Banking Group dowéinst éischter stoesch hin.

“2022 wäert méi e schwéiert Joer fir de Secteur ginn”, seet hien. “D’Zomm vum verwalte Verméige géing méi kleng ginn, well d’Marchéen erofginn. Mä et misst ee wëssen, datt een an engem zyklesche Business wier. D’Boursse kéinten erofgoen, mä och nees erop.”

Et misst een awer positiv wäerten, datt permanent nei Clienten dobäikéimen. An déi hunn net wéineg Suen. De Chiffer vun de Clienten aus ganz Europa, déi iwwer 20 Milliounen u Verméigen am Private Banking hunn, geet zanter 10 Joer an d’Luucht a läit bei 61 Prozent. Do ass et net ganz iwwerraschend, datt d’Augmentatioun vun den Zënse kee groussen Afloss op d’Aktivitéiten an dem Business huet.

Eis Clientë kënne vum Cash, dee se hunn, profitéieren”, seet de Pierre Etienne. “Déi héich Zënse kéinten awer zu Problemer an anere Secteure féieren, wéi dee vum Kredit. D’Leit missten da Suen zu e bëssi méi héijen Tauxe léinen.”

Lëtzebuerg géing iwwerdeems e wichtegen a beléifte Standuert an Europa fir Privatbanke bleiwen, esou de Pierre Etienne. Dat ënnert anerem wéinst der Legislatioun an der sozialpolitescher Stabilitéit. Am Secteur schaffen hei am Land eng 6.000 Leit.

Back to Top
CIM LOGO