Cyclocross zu Lokeren an der BelschMarie Schreiber klasséiert sech op der 4. Plaz

Tom Flammang
D'Italieenerin Sara Casasola huet d'Course virum Lucinda Brand an dem Ceylin Alvarado gewonnen.
An der 1. Course no der Europameeschterschaft huet sech d'Marie Schreiber op der 4. Plaz klasséiert.
An der 1. Course no der Europameeschterschaft huet sech d'Marie Schreiber op der 4. Plaz klasséiert.
© Hugo Barthélemy 

Beim Rapencross zu Lokeren an der Belsch ass d'Marie Schreiber de Mëtteg op déi 4. Plaz gefuer. D'Lëtzebuerger Championne hat op der Arrivée e Retard vun 1 Minutt a 27 Sekonnen op d'Sara Casasola, déi d`Course konnt gewannen.

Déi italieenesch Championne huet de Cross haut dominéiert a sech Mëtt der Course vun den zwou Hollännerinne Lucinda Brand a Ceylin Alvarado ofgesat fir souverän ze gewannen. Déi 2. Plaz war fir d`Weltmeeschterin Lucinda Brand, si hat e Retard vun 41 Sekonnen. D'Ceylin Alvarado hat als 3. e Retard vun 1 Minutt a 7 Sekonnen. D`Liv Wenzel war de Mëtteg zu Lokeren och um Depart, ass d`Course awer net op en Enn gefuer. Et war den éischte Cross fir d'Marie Schreiber zanter der Europameeschterschaft de 7. November.

Back to Top
CIM LOGO