Am belsche Loftraum d'Kéier gemaachTechnesch Problemer bei Luxair-Vol op London

RTL Lëtzebuerg
De Luxair-Vol, deen en Dënschdegmoie vum Findel a Richtung London gestart war, ass net wéi geplangt verlaf.

En Dënschdeg de Moie gouf et Problemer mat engem Luxair-Vol vu Lëtzebuerg op London. D’Maschinn hätt aus technesche Grënn missen ëmdréinen, esou d’Erklärunge vun der Airline op RTL-Nofro hin. De Vol wier duerno mat engem anere Fliger duerchgefouert ginn. D’Passagéier wiere finalement mat zwou Stonne Retard ëm 9 Auer Lokalzäit zu London ukomm.

Back to Top
CIM LOGO