ChemProjet Spidolsantenn am GridX zu Wickreng ass vum Dësch

RTL Lëtzebuerg
De Conseil vum Escher Spidol huet unanime decidéiert, sech op d’Entwécklung vun den dräi Haaptsitten ze konzentréieren.
© Domingos Oliveira / RTL

De Projet Spidolsantenn am GridX zu Wickreng ass vum Dësch. Dat hunn de President vum Chem-Verwaltungsrot an Escher Buergermeeschter Christian Weis no der Reunioun vum Conseil confirméiert. De Conseil huet unanime decidéiert, sech op d’Entwécklung vun den dräi Haaptsitten ze konzentréieren. Dat heescht d’Südspidol, Diddeleng an Nidderkuer.

De Christian Weis sot no der Reunioun: “D’Antennen, déi si fir eis logesch an déi maachen och e Sënn, fir d’Gesondheetsversuergung komplementar ze gestallte par rapport zum Spidol. Mee à ce stade, elo haut ass déi Diskussioun secondaire, gëtt net gefouert, well mer eis Prioritéite leeën op déi dräi Spideeler an de GridX -Dossier ass haut zou.”

Projet Spidolsantenn zu Wickreng ass vum Dësch
Dat huet Escher Buergermeeschter Christian Weis no der Reunioun vum Conseil confirméiert.

Mam Vott vun e Méindeg ass d’Faisabilitéitsetüd, déi zum Antennestanduert GridX zu Wickreng sollt gemaach ginn, ofgeblosen.

“Do muss ganz, ganz kloer d’Konzept fir déi dräi Sitte stoen, do musse wierklech Pläng virugoen, d’Aarbechte virugoen, dat ass wierklech vun eis d’Häerzstéck, d’Filetsstéck vun der Gesondheetsversuergung am Süden”, esou de Christian Weis.

Déi Pläng beschwätzt de Verwaltungsrot nächste Mount nach emol ënnerteneen, ier een domat bei d’Gesondheetsministerin geet. Datt den Chem spéider emol op anere Plazen Antennen opmécht, ass net ausgeschloss, esou de Christian Weis. Mä den Chem konzentréiert sech elo op seng Haaptsitten.

“Et ass esou, dass eis Direktioun, dass déi iwwerall am Süden, ëmmer erëm kuckt, nofreet, wou si Sitten, déi interessant eventuell kéinte sinn, wou kéint en ee Plus bréngen an d’Gesondheetsversuergung, wou kéint en eng ambulatoire Antenn duerstellen”, esou de Christian Weis.

D’Polemik ronderëm GridX wier deemno éischter en Ongléck. “De Site GridX, deen ass eeben isoléiert an den Debat public erausgerutscht an dowéinst ass deen thematiséiert ginn. Du sinn och awer aner Sitten, déi falen an diskutéiert ginn an ugeschwat ginn.”

Virun de leschte Wale war eng Antenn vum Chem zu Munneref an der Diskussioun. D’Berechnungen hunn dem Christian Weis no awer erginn, datt dee Projet sech finanziell net géing droen. Domat ass och dee Projet keng Optioun méi.

RTL-News (5.11.25): Zu Wickreng: Antenn fir de Chem am GRIDX ?
RTL-News (11.11.25): Oppositioun: Kritesch vis-à-vis vu Findel Clinic an Antenn vum Chem zu Wickreng

Back to Top
CIM LOGO