An der parlamentarescher Santéskommissioun goung et e Méindeg ëm d'"Findel Clinic". D'Oppositioun gesäit de Projet e bësse méi kritesch wéi d'Regierung.

"D'Findel Clinic ass e geféierleche Projet!" Dat huet de sozialisteschen Deputéierten a fréiere Gesondheetsminister Mars di Bartolomeo an der parlamentarescher Santéskommissioun ënnerstrach. Seng Partei hat gefrot ënnert anerem dëse Punkt op den Ordre du Jour setzen ze loossen. Grouss Deeler vun der Oppositioun hunn däitlech manner entspaant op de Projet reagéiert, wéi d'CSV-Gesondheetsministesch dat déi lescht Woch gemaach huet.

Kritik u "Findel Clinic" an Antenn vum Chem / Reportage Dany Rasqué

Den LSAP-Deputéierte Mars di Bartolomeo gesäit eng Menace fir de solidaresche System, wann et ëm esou Projete wéi d'Findel Clinic geet, wou privat Investisseuren, ënnert anerem Promoteuren, Banquieren an Doktere sech zesummen dinn.

"Ech ginn net dovun aus, dass déi zwou Säiten, Dokteren an Investisseure sech fonnt hu wéinst hire schéine bloen Aen, mee si hu sech fonnt fir Geschäfter mat der Gesondheet ze maachen. An dat kann et net sinn. Dat ass fir eis en No-go. An do erwaarde mer ganz kloer Aussoen. An och wann dat elo am Moment net an engem Deontologiekodex vun den Dokteren drasteet, da muss et drastoe kommen."

D'Oppositioun stéiert sech och um Numm. Findel Clinic géif d'Leit duechernee maachen, seet nieft dem Mars di Bartolomeo och déi Gréng Deputéiert Djuna Bernard an hofft, datt de Collège Médical Konsequenzen zitt.

D'Demokratesch Partei gesäit déi privat Initiativ net esou kritesch. De liberalen Deputéierte Gusty Graas ass der Meenung, et misst een am Sënn vum Patient handelen.

"A wann hei Initiative sinn, och vu privater Säit aus, da soll een zumindest emol där Saach eng Chance ginn. Et soll een dat analyséieren. Natierlech muss alles konform zu der Gesetzgeebung gesinn. Mee fir elo direkt ze mengen, hei géif eise Gesondheetssystem elo ënnergoen ewéi schlecht, dat gesi mer guer net esou. An ech fannen dat och net gutt, datt een deen Discours hei féiert. Mir hunn e gudde Gesondheetssystem an et soll een natierlech versichen, esou wäit wéi méiglechst, dat ze verbesseren. An hei ass eng Méiglechkeet, an där soll een zumindest emol theoreetesch elo eng Chance ginn."

Da gëtt jo den Ament eng Etüd gemaach, fir ze kucken, ob et méiglech wier, eng Antenn vum Chem an dee grousse Shoppingzenter zu Wickreng z'integréieren. Och dodru stéiert d'Oppositioun sech. Fir de Marc Baum, Deputéierte vun déi Lénk, ass dat alles Zukunftsmusek. Elo géif et emol ëm en neit Südspidol goen an da géifen et zwou existent Antennen, nämlech zu Diddeleng an zu Nidderkuer.

"Dat wieren déi Plazen, wou een als Alleréischt mol misst driwwer nodenken, wann et drëm geet, ob de Chem Antenne bräicht oder net. Dat Zweet, dat ass vläicht elo e bësse méi polemesch, mee ech muss awer soen, et fänkt un e bëssen déck ze ginn. Do ass ee vun deene gréisste Promoteuren hei am Land, dee seng eegen Autobunnausfaart gebaut kritt huet, déi hie sech en plus nach selwer baut. Hien huet deen ëffentlechen Optrag kritt. E kritt elo nach eng Tramsstatioun. De Staat lount fir d'Hotelschoul ganz Stäck vun deem Gebai. An elo soll an dat Gebai och nach op Käschte vum Staat eng Antenn vum Chem kommen. Also iergendwa muss een awer soen, geet déi Gurmangsegkeet duer."

D'Ministesch sot, hier wier dee Projet net presentéiert ginn. Si hätt mat hire Vertrieder aus dem Verwaltungsrot geschwat. Do wier eng Kéier esou eng Iddi presentéiert ginn, mä dono wier net méi driwwer rieds gaangen. Et ass gutt méiglech, datt dat am nächste Conseil d'administration vum Chem anescht ass.