
De philharmoneschen Orchester vun Israel trëtt op. Wéinst dem Virgoe vun der israeelescher Regierung an der Gazasträif gëtt et och Kritik un der Programmatioun.
E Sonndeg den Owend hu virun der Philharmonie e puer Dose Manifestante géint de Concert vum Israel Philharmonic Orchestra ënnert dem Dirigent Lahav Shani manifestéiert. D’Manifestatioun ass friddlech verlaf. D’Mouvementer BDS-Kollektiv a CollectivesForPalestine haten dozou opgeruff.
Den Dispositif vun der Police war seriö. Eis Reporter huet op d’mannst sechs Policeween gezielt.
D’Manifestante stounge virun der Entrée Spaléier fir op d’Leit, déi op de Concert komm sinn, mat der Situatioun a Gaza an der Politik vun der israeelescher Regierung ze konfrontéieren. Si hunn hinnen zou geruff, si géifen sech zu Komplize vum Genozid a Gaza* maachen.
Si hunn och Trakten un d’Concertsgänger ausgedeelt, fir ze erklären, firwat den Orchester, deen als kulturellen Ambassadeur fir de Staat Israel gëllt, net sollt zu Lëtzebuerg dierfe spillen. Wärend d’Nolauschterer ukomm sinn, hunn d’Manifestanten den ëmstriddenen Slogan „From the river tot he sea, Palestine will be free“ gesongen. De Sproch spillt op den Territoire tëscht dem Floss Jordan an der Mëttelmierküst un, wou d’palästinensesch Gebidder, mee och Israel leien. En ass an Däitschland als Slogan vun der Hamas verbueden.
Ee Manifestant krut eegenen Aussoen no vun engem Concertsgänger en Ziedel an de Grapp gedréckt, op dem “Nazi” stoung an deen d’Manifestante beschëllegt hätt, anti-semitesch ze sinn, well sech hire Protest géint all d’Museker vum Orchester an deenen hire jiddeschen Ofstamung géing riichten. Den Orchester, steet um Ziedel, wier net responsabel fir d’Politik vun der israeelescher Regierung.
Den Orchester schwätzt op senger Websäit Donateuren un, fir Spenden ze kréien, mam Objektiv, Concertsplaze fir aktiv Membere vun der israeelescher Arméi ze finanzéieren: “IDF soldiers on active duty are invited to attend all concerts of the Israel Philharmonic as guests of the orchestra. This longstanding tradition allows soldiers to enjoy high-quality concerts free of charge, while also helping the orchestra connect with young people during their military service.”
D’Associatioun Amercian Friends Israel Philharmonic schreift op hirer Hompage: “The Israel Philharmonic proudly serves as Israel’s greatest cultural ambassador, unifying diverse audiences through shared, transformative artistic experiences and enriching communities with music education programs that transcend borders.”
D’Manifestante reprochéieren der Philharmonie, d’Dote vun der israeelescher Regierung iwwer d’Konscht wäisszewäschen. D’Direktioun vun der Kulturinstitutioun, grad ewéi de Kulturminister Eric Thill, weisen déi Reproche vu sech.
An den Ae vum DP-Minister däerf ee Konscht a Politik net matenee vermëschen, och wann een d’Situatioun am Noen Osten natierlech kritesch observéiere sollt.
Zu Paräis an der Philharmonie gouf de Concert vun den israeelesche Philharmoniker e puer mol vu pro-palästinensesche Manifestante gestéiert. Véier Persoune waren vun der franséischer Police an de Garde à vue gesat ginn, well si am Sall bengalesch Feier gezünt hunn.
D’israeelesch Philharmonie huet ënnert der Leedung vum Dirigent Lahav Shani Beethoven an Tchaikovski zum Beschte ginn. De Concert war um 19.30 Auer.
*Eng UN-Kommissioun huet am September an engem Rapport festgehalen, datt Israel an der Gazasträif e Genozid gemaach hätt. Den internationalen Tribunal zu Den Haag huet awer nach keen Urteel zu där Fro geholl.