Nom Sträit am RehazenterPsychiater an Direktioun si sech eens, 1. Visitt bei Patienten e Sonndeg

Monique Kater
Mir haten Iech um Donneschdeg dervu geschwat: d’Problemer tëscht Psychiater an Direktioun am Rehazenter.
Suivi Rehazenter
Mir haten iech um Donneschdeg dervu geschwat; d’Problemer tëscht Psychiater an Direktioun am Rehazenter.

Hei ass dëse Reportage: "- Rehazenter: Entloossung vum Marc Graas als Psychiater freet politesch Reaktioun”.

Et gëtt e Revirement am Dossier Rehazenter. Béid Säite sinn openeen duergaangen an hunn en Accord fonnt am Sënn vum Patient.

Op den 1. Juli hat de Rehazenter dem Psychiater Marc Graas jo gekënnegt, well dee refuséiert hat, e Kontrakt z’ënnerschreiwen, deen him, wéi et schéngt, Nodeeler bruecht hätt. Vue dass esou séier keng Ersatz-Couverture z’organiséiere war, hätt de Rehazenter elo missen op d’Urgence vum Kierchbierger Spidol zréckgräifen. Eng richteg psychiatresch Versuergung wier awer eréischt mëttelfristeg ze realiséiere gewiescht. Elo wier ee sech also eens ginn, sou de Generaldirekter Gaston Schuetz. Komesch op alle Fall, mee gutt fir déi, déi am Rehazenter d’Hëllef vun engem Psychiater brauchen. Dat wieren der eng Partie, hat de Marc Graas erkläert. Vun e Sonnden un dierf a wëll hien nees. An natierlech wier hie frou driwwer, seet hien eis e Freideg um Telefon.

Back to Top
CIM LOGO