
Dës Plattform gouf schonn am Mäerz 2021 vun der ISS getrennt. An Däitschland hunn de Bevëlkerungsschutz an d’Katastrophenhëllef dowéinst Virsiichtsmoossname getraff.
Ma wéi grouss ass d’Warscheinlechkeet, dass tatsächlech eppes vun dësem Weltraumschrott op der Äerd ukënnt a besteet och e Risiko fir Lëtzebuerg? Doriwwer hunn d’Michèle Reiter an den Dan Spogen mam Ranga Yogeshwar geschwat.
Wéi de Wëssenschaftschaftsjournalist a studéierte Physiker erkläert huet, flitt d’International Raumstatioun an enger Héicht vu 477 Kilometer iwwert der Äerd. D’Plattform, séi sech vun der Statioun geléist huet, hätt iwwerdeems e Gewiicht vun 2,6 Tonnen. Am Laf vun de Méint a Joren ass de Batterie-Pak ëmmer méi no ënne gaangen, sou datt en elo an d’Loftschichten antrëtt an do ofgebremst gëtt a vergloust.
Ma wéi de Ranga Yogeshwar erkläert, besteet eng kleng Chance, datt de Batterie-Pak beim Antrëtt an d’Atmosphär net komplett verbrennt:
“An natierlech vue datt d’Batterië jo och Materialien hunn, déi e bësse méi schwéier, e bësse méi dicht sinn, gëtt et Berechnungen, déi soen: ‘Oh do kéint eppes och op d’Äerd falen.’ Awer dat ass minimal an elo maache mer dat ganz detailléiert, well et gëtt eng Simulatioun, wou ee genau gekuckt huet, wéini kéint dat dann elo de Fall sinn. An Däitschland gëtt et dräi Passes awer Lëtzebuerg ass méi kleng an do gëtt et ee Pass. An zwar de Mëtteg géint 16.51 Auer. Do kéint eng gewëss kleng Warscheinlechkeet sinn, datt mer eppes ofkréien, awer déi ass minimal.”
Deemno géif et e Freideg am spéiden Nomëtten e ganz kuerze Moment ginn, wou am Norde vum Land eppes passéiere kéint. Dat wier awer kee Grond sech opzereegen, de Risiko wier minimal. De Ranga Yogeshwar géif bei deem schéine Wieder jiddwerfalls erausgoen an net dobanne bleiwen.
Wéi hier betount, wier de Risiko, deen een ageet, wann een op eng Leeder klëmmt méi grouss, ewéi deen, dee vum Weltraumschrott ausgeet. Et géif ee vun engem minimale Korridor schwätzen, an deem eppes passéiere kéint. Ma bei änleche Fäll an der Vergaangenheet, wieren d’Saache meeschtens all vergloust.