Den Haaptproblem bleiwen nach ëmmer déi sozial Ongläichheeten an der Schoul, dat sot e Freideg de Moien de President vun der Proffegewerkschaft Féduse vun der CGFP Raoul Scholtes bei eis am Interview. Dat hätt d'PISA-Etude nach emol kloer gewisen. An et wier ëmsou méi erschreckend, well de Constat vun der Bildungsongerechtegkeet elo schonn zanter Jore gemaach gëtt. Fir de Biosprofesser aus dem Iechternacher Lycée ass et elo definitiv un der Zäit, fir den Negativtrend bei de schoulesche Kompetenze vun de Jonke vu 15 Joer hei am Land ze stoppen an éierlech Analyse vu PISA ze maachen. Dat wier ee schonn eleng de Schüler schëlleg. Doriwwer eraus wier et fir eng ganz Gesellschaft fundamental, datt Jonker mat deem Bagage aus der Schoul kommen, dee se brauchen, fir duerno eens ze ginn a fir d'Societéit um Lafen ze halen.
Als direkt Reaktioun op d'Verschlechterung vun de PISA-Resultater am Liese virun allem awer och der Mathé an de Sciencen, huet den DP-Educatiounsminister Claude Meisch jo e komplett Handyverbuet tëscht 7e a 5e annoncéiert. De Gewerkschaftspresident aus dem Iechternacher Lycée huet kloer gemaach, datt d'Féduse absolut kee Problem mat deem Verbuet hätt. Sou géif et "vläicht nach méi an d'Mentalitéit asickeren, wann et méi kloer ass", sou de Raoul Scholtes, deen an engems kloer gemaach huet, datt et net bei deem Verbuet bleiwen dierf fir adequat op de kontinuéierlechen PISA-Echec ze reagéieren. Aner Länner hätten déi selwecht digital Realitéit wéi mir mä awer besser Resultater an der Schoul.
E strikt Handyverbuet kéint d'Léierëmfeld verbesseren, mä et géif awer weder eng Problemanalys ersetzen, nach d'Léierprogrammer oder eng geziilt Liesfërderung. Do misst een hikommen, huet de Féduse-President e Freideg de Moie kloer gefuerdert. Digital Outile wéi den iPad sollte weider agesat ginn, do wou se pedagogesch Sënn maachen. Mä fir laang Texter ze verstoen a fir Inhalter laangfristeg ze verënnerlechen, do hätte Bic a Blat nach ëmmer hir Daseinsberechtegung. Am Endeffekt misst d'Léierzil d'Léiermëttel definéieren an net ëmgedréit.
Fir datt de Lëtzebuerger Schoulsystem sech verbessert, huet de President vun der Féduse e Freideg de Moie kloer Léierziler gefuerdert an un eng elo scho jorelaang Fuerderung vun der Proffegewerkschaft erënnert, fir d'Promotioun am ënneschte Cycle vum "Enseignement général" méi streng ze maachen. Bis 5e géif ee lo zanter 2018 quasi automatesch duerchkommen, fir dann nom 3. Joer sou grousse Lacunnen do ze stoen, datt vill Dieren zou sinn. Zanter 8 Joer géif awer net op d'Enseignanten gelauschtert, déi dat vun Ufank u gefuerdert hunn.
D'Zil sollt et net sinn, fir zréck bei eng Schoul ze kommen, an där de Redoublement d'Léisung vun alle Problemer ass, mä de System misst déi Jonk motivéieren, Efforten ze maachen. Duerfir bräicht een awer genuch Ressourcë fir d'Schüler a Schülerinnen mat geziilte Fërderungen z'ënnerstëtzen, fir méi Leeschtung kënnen ze bréngen.
De Raoul Scholtes honoréiert den Educatiounsministère duerfir, datt vill gemaach gouf an de leschte Joren. Do, wou ee sech schwéier gedoen hätt an nach ëmmer schwéier géif doen, wier fir eng kritesch Evaluatioun ze maachen. Dat wier an de leschten 12, 13 Joer ënnert engem Claude Meisch net wierklech gemaach ginn.
Am neiste PISA-Rapport, deen zejoert duerchgefouert gouf, hunn d'Lëtzebuerger Schüler a Schülerinne vu 15 Joer beim Liesverständnis, der Mathé an de Sciencen esou schlecht ofgeschnidden, wéi nach ni an der 25 Joer laanger Geschicht vu PISA. Bal 40% hu mol net deen ënneschten Niveau am Liesen an der Mathé erreecht. Dat géif hinnen net erlaben, am Alldag am Liewen eens ze ginn, huet den Educatiounsminister Claude Meisch et ganz niichter festgestallt.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.