Invité vun der Redaktioun (6. Januar) - Raymond Juchem"D'Urteel géint RTL ass onverantwortlech an net ze verstoen"

Carine Lemmer
En Dënschdeg de Moie waren en ëmstriddent Geriichtsurteel an de Beruff vum Bréifdréier Thema an der Emissioun "Invité vun der Redaktioun".
Invité vun der Redaktioun: Raymond Juchem
Den Invité vun der Redaktioun vu méindes bis freides moies géint 8h00 am Studio vun RTL Radio Lëtzebuerg.

D’Urteel huet eis entsat, wann ee weess, wat viru gutt 20 Joer geschitt ass. Et ass onverantwortlech an net ze verstoen, sot de Raymond Juchem en Dënschdeg de Moien am RTL-Interview. Hien ass de President vun der Bréifdréieschgewerkschaft, dem Nofollger-Syndicat vun der FSFL.

Als Erënnerung: mir als RTL krute vum Cassatiounsgeriicht verbueden, den Numm vum deemolege President vun der FSFL ze nennen. Dee war wéinst der Verontreiung vu ronn 560 Millioune Frang – ëmgerechent 14 Milliounen Euro – verurteelt ginn. Hien hat mam Gespuerte vu 500 Bréifdréier spekuléiert, sech privat zerwéiert a sech ënnert anerem eng Finca op Mallorca finanzéiert.

D’Bréifdréieschgewerkschaft vun deemools huet missen opgeléist ginn an huet finanziell alles verluer, fir datt d’Affer entschiedegt gi sinn, huet de Raymond Juchem drun erënnert – dat ware vill Suen, Appartementer an e Café. Honnerte Leit, déi dem Ex-President vertraut haten, haten alles verluer a woussten net, ob se hir Sue géifen erëm kréien. De Schued wier immens an irreparabel an dierft net vergiess ginn. Déi Suen, déi RTL als Strof misst bezuelen, wann den Numm genannt gëtt (7.000 Euro), sollt den Här un déi geschiedegt Leit oder un d’Gewerkschaft spenden, sou nach e rosene Raymond Juchem. Dat wär eng riseg Frechheet.

Beruff vum Bréifdréier wäert net verschwannen

An Dänemark gi wéinst der grousser Digitaliséierung zanter dem 1. Januar keng Bréiwer méi vun der staatlecher, dänescher Post ausgedroen. Déi ëffentlech Bréifboîte goufen ofmontéiert. Dat fäert de Raymond Juchem awer net zu Lëtzebuerg.

All Joer huelen zwar d’Bréiwer bis zu 7 Prozent of. Mä 90 Millioune Bréiwer mussen nach verdeelt ginn. An d’Päck explodéieren – mat iwwer 8 Millioune pro Joer – dat wär d’Zukunft. Sou géif de Metier vum Bréifdréier, Tri oder Tournée ofgeséchert ginn.

Invité vun der Redaktioun: Raymond Juchem

Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d’Emissioun dono och am Replay ze fannen.

Back to Top
CIM LOGO