Vandalismus um KierchbiergMann besprutzt Autoe mat Faarf a schléit Fënstere futti

RTL Lëtzebuerg
Am Laf vun e Mëttwoch an an der Nuecht op en Donneschdeg krut d'Police sëllege Abréch an Autoen, ma och Vandalismus bei dëse gemellt.
Mat Faarf-Spray huet e Mann um Kierchbierg sëllegen Autoe besprutzt a beschiedegt.
© Miguel Ángel Padriñán Alba/Miguel Á Padriñán A - stock.adobe.com

E Mëttwoch géint 14 Auer goufen aus engem Auto an der Eecher Strooss zu Eech Bijouen an e Parfum aus engem Gefier geklaut. D'Police konnt kuerz duerno och e Verdächtege stellen an déi geklaute Géigestänn hire Proprietären zeréckginn.

Vill Wäertgéigestänn goufen dann owes kuerz virun 21 Auer aus engem Auto an der Avenue du Dix Septembre um Belair geklaut. Ënner anerem zwee Sonnebrëller, Kleedungsstécker, eng Posch, en Tablet an en Handy huet de Brigang matgoe gelooss. Eng Enquête leeft.

An der Nuecht op en Donneschdeg dann en Asaz um Kierchbierg an der Rue de Kirchberg: D'Police krut géint 1:30 Auer gemellt, datt a sëllegen Autoen agebrach an hir Fënsterscheiwen ageschloe goufen.

Eng Patrull hat dunn op der Plaz de Constat gemaach, datt sëllegen Autoen mat Spray-Faarf beschiedegt besprutzt goufen. E Verdächtege konnt an der Strooss identifizéiert a kontrolléiert ginn. D'Beamten hunn effektiv zwee Faarf-Spraye bei him fonnt. Dës goufe beschlagnaamt an de Mann, dee staark alkoholiséiert war, koum an de Passagearrest bruecht.

Back to Top
CIM LOGO