CGDISFeier a Bus tëscht Keeler Potto a Rëmeleng, Persoun zu Hollerech ugestouss

RTL Lëtzebuerg
A sengem Bulletin mellt de CGDIS nees eng Rei Accidenter mat Blesséierten.
© Laurent Weber

En Donneschdeg de Moie kuerz no 6 Auer war an der Escher Strooss zu Hollerech e Foussgänger vun engem Auto ugestouss a blesséiert ginn. D'Stater Rettungsekippe waren op der Plaz.

Géint 8:25 Auer waren d'Secouriste vun Diddeleng, Keel, Rëmeleng an Esch op der RN33 tëscht dem Keeler Potto a Rëmeleng am Asaz. Hei hat et ugefaangen, an engem Bus ze brennen, zu Schued koum awer keen.

Um 10:14 Auer dann en Accident tëscht zwee Autoen op der RN11 tëschent Dummeldeng an dem Waldhaff. Hei gouf eng Persoun verwonnt a vun de Rettungsekippe vun Nidderaanwen a Miersch en Charge geholl.

Back to Top
CIM LOGO