Neijoerschpatt vun "Déi Lénk""Regierung hëlt Suerge vun de Leit net eescht"

RTL Lëtzebuerg
Dowéinst geet d'Oppositiounspartei mat vill Optimismus an dat neit Joer, grad am Hibléck op d'Walen.
Neijoerschpatt vun "Déi Lénk"
D’Oppositiounspartei geet mat vill Optimismus an dat neit Joer a spuert och net mat Kritik un der Regierung.

En Donneschdeg den Owend haten déi Lénk an de Bouneweger Centre Culturel op hiren Neijoerschpatt invitéiert. Et géingen nach ëmmer vill ze vill sozial Ongerechtegkeeten hei am Land ginn, an d’Regierung hätt an de leschte Jore bewisen, datt si d’Suerge vun de Leit net eescht huele géif, esou d’Kritik vun der Partei.

2023 soll d’Joer vun de Lénke ginn. D’Partei geet jiddefalls mat vill Optimismus an dat neit Joer. Et hofft een, datt Wieler ewell méi oppe si fir déi sozial Alternativen, déi déi Lénk proposéieren. “Mir gesinn, datt den Terrain do ass, fir eise Programm. D’Krise sinn do an déi justifiéieren eise Programm”, esou d’Deputéiert Nathalie Oberweis. “Mir sinn déi, déi zënter Jore radikal Moossname proposéieren, genee dat, wat elo misst kommen.

Et wëll een an deenen nächste Méint op d’Leit duergoen an erklären, firwat déi Lénk stinn a fir wéi eng Iddien si antrieden. Och d’Basis ass dovunner iwwerzeegt, datt hir Partei am Superwaljoer gutt wäert ofschneiden.

D’Walkampfstrategie grad wéi och d’Kandidaten an d’Spëtzekandidate stinn nach net fest, an d’Walprogrammer ginn aktuell nach ausgeschafft, ma nawell ginn et awer aktuell Themen, op déi een am Walkampf wëll de Schwéierpunkt leen.

Back to Top
CIM LOGO