Situatioun a VenezuelaRegierung verstoppt sech hannert der EU

Annick Goerens
Déi international Situatioun ass aktuell ganz komplizéiert, wéi den Ausseminister Xavier Bettel e Méindeg de Moien nom Briefing vun den Deputéierten an der aussepolitescher Kommissioun vun der Chamber sot: Nieft der Situatioun an der Gazasträif an dem Krich an der Ukrain ass och vill geschitt am Eritrea, am Sudan, an an Taiwan – mee virop huet natierlech d'Situatioun am Venezuela fir vill Froe gesuergt.
© RTL-Archiv

Chamberkommissioun: Venezuela / Reportage: Annick Goerens

Dat wat déi lescht Deeg geschitt ass, wier e weidere Risiko fir Instabilitéit a géing e geféierleche Präzedenzfall setzen, seet de Xavier Bettel: “Et ass jo déi schrecklech Situatioun: op der enger Säit ass ee frou, dass een engem lass ass an op der anerer Säit geet et einfach net, wéi et geschitt ass. Dir kënnt dach net einfach dohi goen e President ewechhuelen. Et ass internationaalt Recht, wat awer net respektéiert gëtt. A mir mussen als ganz klengt Land wëssen, dass d’internationaalt Recht am Fong eis bescht Garantie ass vis-à-vis vun deenen Aneren an op der enger Säit, éierlech, et freet ee sech him [dem Nicolas Maduro, venezuelanesche President, ndlr.] lass ze sinn, mee op der anerer Säit ass dat eng Prozedur, déi riskéiert vun anere Länner geholl ze ginn, fir ze soen: hei wann ee grouss ass, kann een am Fong maache wat ee Loscht huet.”

Däitlech Wierder vum Ausseminister, déi ee sech eigentlech vun der Regierung gewënscht hätt. D’Deputéiert vun déi Gréng Sam Tanson an duerno den David Wagner vun déi Lénk:

“Et ass eréischt op Nofro hi wou de Xavier Bettel du gesot huet, hie wier der Meenung, dass et Violatioune vum internationale Recht wieren, wat de Gebrauch vun der Force géing ubelaangen an ech bedaueren extrem, dass dat net am Communiqué vun der Regierung erëmzefannen ass.”

“Mir waren och e bëssen enttäuscht iwwer d’Positioun vun der Lëtzebuerger Regierung [...] fir ze soen, dass dat, wat déi amerikanesch Regierung gemaach huet, do ass net vill driwwer ze diskutéieren, dat ass illegal. Dat ass de Kidnapping vun engem Staatschef. An et ass den Ugrëff vun der Haaptstad vum Venezuela. [...] Dänemark ass vläicht och den nächste Kandidat. [...] Mir schwätze vu Grönland, mir kéinten och vun anere Plazen op der Welt schwätzen.”

Effektiv géing sech d’Lëtzebuerger Aussepolitik op en Neits hannert der EU verstoppen, ma och d’EU selwer misst sech geschwë besënnen, kritiséiert den Yves Cruchten vun der LSAP: “D’Europäesch Unioun muss sech geschwë bewosst ginn, dass wa se net zu hire Wäerter steet, zu hire Prinzippie steet an dofir och asteet an der Welt, dass si déi nächst sinn, déi wäerten drun gleewen. An dat mécht mir éierlech gesot ganz vill Suergen. Mir hu gëschter schonn héieren, dass den amerikanesche President nach ëmmer e Bléck geheit op Grönland. An dat wäert dat nächst Thema sinn, wat eis ze beschäftegen huet. An da musse mer och als Europäer de Courage hu fir fir eppes anzestoen. An da geet et net duer mat esou Wischi-Waschi Positiounen.”

Den DP-Europadeputéierte Charles Goerens war och e Méindeg de Moien an der zoustänneger Chamberkommissioun an huet och eng däitlech Meenung zur EU:“Mir [d’EU, ndlr.] sinn einfach net méi op der internationaler Bildfläch present, well mer einfach kee Standpunkt méi zu 27 fäerdeg kréien. An an enger Welt, wou nëmme just nach no Kräfteverhältnisser decidéiert gëtt, musse mer kucke wa mer dem internationale Recht wëllen zum Duerchbroch verhëllefen, da musse mer kucken, dass mer och nees eng Kéier méi staark sinn.”

Ënnert de 27 EU-Memberstaaten hätt ee sécherlech eng qualifizéiert Majoritéit, déi sech géing äusseren zu dem flagrante Broch vum internationale Recht vun den Amerikaner am Venezuela. Et misst ee sech just déi néideg Decisiouns-Mechanisme ginn. Sou laang dat net geschitt, kéint ee just Krokodilstréine kräischen, sou de Charles Goerens.

Back to Top
CIM LOGO