Collège médical"Rentabilitéit dierf net iwwer Beruffsethik stoen"

Raphaëlle Dickes
Et ass rar, datt de Collège médical ëffentlech Stellung hëlt. Wann dann och nach Rieds geet vu «perversen Entwécklungen», wou d’Rentabilitéit iwwer dem Doktesch-Eed stéing, da muss de Schong scho staark drécken.
© RTL
Collège médical: Rentabilitéit dierf net iwwer Beruffsethik stoen"
Et ass rar, datt de Collège médical ëffentlech Stellung hëlt.

Et ass rar, datt de Collège médical ëffentlech Stellung hëlt. Wann dann och nach Rieds geet vu «perversen Entwécklungen» wou d’Rentabilitéit iwwer dem Doktesch-Eed stéing, da muss de Schong scho staark drécken.

Op Ufro vun enger Rei Dokteren, Zänndokteren a Psychotherapeuten hat den héije Gremium - deem seng Aufgab et ass ze iwwerwaachen, ob d’Reegelen an den Deontologie-Kodex agehale ginn - Mëtt November schrëftlech Stellung geholl zu den aktuellen Diskussiounen am Gesondheetssecteur.

De Collège médical wéilt net zur Polemik bäidroen, mee just Stellung huelen, betount de Generalsekretär Dr David Heck am RTL-Interview. Datt an der schrëftlecher Stellungnam vu perversen Entwécklunge rieds geet, war ee ganz bewosste Choix. Pervers stéing am Dictionnaire fir eppes, dat net méi der Norm, net méi de Reegelen entsprécht. Dat wär net op ee spezifeschen Acteur gemënzt. Allgemeng géif een - och duerch Plainte vu Patienten - eng gewëss Entwécklung vu verschiddene Professionellen observéieren, fir ee méi kommerzielle Wee anzeschloen.

Gerechtegkeets-Fro stellt sech

Fir deem entgéint ze steieren, wär et wichteg, dofir ze suergen, datt di betraffe Beruffsstänn fir hir Aarbecht genuch verdénge géifen, seet de Vertrieder vum Collège médical. Laang Studien an déi grouss Responsabilitéit sollten deementspriechend honoréiert ginn. «Am Extra-hospitalier ass dat och nach mat Käschte verbonn. Well natierlech all Praxis ass eng kleng Entreprise, wou ee muss Loyer bezuelen, wou ee Personalkäschten huet. An déi musse kënne gedeckt gi vun den Aktivitéiten, déi de Professionellen huet.»

Fakt ass, datt d’Tariffer vun den Doktere staark variéiere jee no Spezialitéit. Fir d’Fro, ob dës Tariffer gerecht sinn, wär d’AMMD zoustänneg. «An natierlech stellt sech d’Fro, ob am Secteur hospitalier Konditiounen déi selwecht si wéi am Extra-hospitalier oder ob déi Dokteren, déi do schaffen, vläicht mat manner Fraisë confrontéiert sinn» An deem Fall misst gekuckt ginn, wéi een den Extra-hospitalier Punkto Käschte kéint entlaaschten.

Gesetz vun Dokteschgesellschafte dringend néideg

Wichteg wier dernieft, datt d’Gesetz fir d’Dokteschgesellschafte kéim. Och Zänndokteren a Psychotherapeute wären heivunner betraff. Dermadder kéinten och Associatiounen, déi elo kee legale Kader hätten, regulariséiert ginn. Dës Gesellschafte missten awer och den Deontologie-Reegelen ënnerleien.

Fir bei Reegelverstéiss méi séier kënnen duerchzegräifen, bräicht de Collège médical awer méi Moyenen. Beispillsweis wann Doktere Publicitéit maachen, datt een dowéinst net iwwer d’Geriicht misst fueren. Hei hofft een op dat neit Gesetz iwwer de Collège médical, un deem schonn zanter Jore gedoktert gëtt.

Evident, datt de Collège médical sech géint extern Investisseuren an Dokteschgesellschaften ausschwätzt. Datt d’AMMD op deem Punkt hir Positioun geännert huet, gëtt begréisst. Wat der Dokteschassociatioun hir Fuerderung vun engem selektive Konventionnement ugeet, misst een oppassen, datt een duerno net Dokteren am Land schaffen hätt, déi sech guer net méi un d’Reegele vun der Konventioun hale géifen. Wou ee weidere Secteur entstoe kéint, mam Risiko vun enger Zwee-Klasse-Medezin.

CNS misst méi séier Tariffer fir justifiéiert Akte festleeën

Fir d’Ausschaffe vun den Tariffer, wéi d’AMMD et virschléit, kéint de Collège médical net mat agebonne ginn. Dat wär gesetzlech net virgesinn. Et wär richteg, datt d’CNS alt ze laang – heiansdo souguer Jore bräicht, fir nei Tariffer auszeschaffen, seet den Dr Heck. Bei justifiéieren Akten, déi dem Patienten eppes brénge géifen, wär et wichteg, datt d’Gesondheetskeess méi séier offiziell Akte festleeë géif.

Ob an Zukunft– wéi d’AMMD et verlaangt – Dokteren Akte solle kënne virhuelen, déi d’CNS net iwwerhëlt, do ass de Collège médical skeptesch. Hei géif sech d’Fro vun der Noutwennegkeet stellen a vun der Definitioun vun engem Tarif mat Takt a Mooss.

Back to Top
CIM LOGO