Neie Locataire um Kierchbierg"Riverty Bank" plënnert an d'RTL-City

Roy Grotz
Riverty gehéiert iwwert den Arvato-Konzern zum Bertelsmann-Grupp an ass ee vun de wichtegen Acteuren am europäesche Fintech-Beräich.

Neie Locataire an der RTL City um Kierchbierg: mat der "Riverty Bank" awer keen neie spezifeschen Presse-Medium, mee déi nei gegrënnten Entitéit vu Riverty SA zu Lëtzebuerg. E Mëttwochnomëtteg war d'offiziell Aweiungs-Zeremonie fir déi nei Bureauen um Boulevard Pierre Frieden opzemaachen.

Riverty gehéiert iwwert den Arvato-Konzern zum Bertelsmann-Grupp an ass ee vun de wichtegen Acteuren am europäesche Fintech-Beräich. Virun e puer Wochen hat Riverty Luxembourg d'Banklizenz vun der EZB an der CSSF krutt. D'Bank ass an enger Dosen europäesche Länner aktiv a beschäftegt méi wéi 4.000 Leit – eng 30 wäerten et der am Grand-Duché sinn. Generaldirekter vu Riverty ass den Andreas Barth. Den designéierte Chef vun der Riverty Bank hei am Land ass den Oliver Kuhaupt.

De Siège vu Riverty bleift zu Baden-Baden.

Iwwer seng Bezuel- a Prêten-Aktivitéiten schafft Riverty aktuell mat méi wéi 1.800 Händler zesummen an erreecht ronn 25 Millioune Clienten. All Joer ginn iwwer 235 Milliounen Transaktiounen an Europa iwwer d'Plattform ofgewéckelt. 2022 huet Riverty all d'Sous-Marken Afterpay, Paigo oder Aqount ënnert enger eenzeger neier Enseigne regroupéiert an offréiert Online-Bezuel-Zerwisser, déi nom Buy-now-pay later-Prinzip funktionéieren.

Back to Top
CIM LOGO