
Hien gouf um Sonndeg op Uerder vum Parquet verhaft.
De Mann ass elo wéinst méi Faiten inculpéiert. Wéinst Délit de fuite, Homicide involontaire, dem Fueren ënner Alkoholafloss a wéinst Non-Assistance à personne en danger.
De Mann hat Rendez-vous virum Untersuchungsriichter, deen e Mandat de dépot gesprach huet. Hie kënnt also an Untersuchungshaft.
Vum 16 Joer jonken Affer gouf iwwerdeems eng Autopsie gefrot.
De Parquet ënnersträicht am Schreiwes och d’Gravitéit vun de Faiten, déi dem schëllege Chauffeur virgehäit ginn, virun allem wéinst der Fahrerflucht an datt hie sech iwwerhaapt net ëm d’Affer gekëmmert hätt.