
Wéi Bloomberg schreift, huet de Geschäftsmann, deen och hannert dem Lëtzebuerger Freeport um Findel steet, d’Infrastrukture vum Freeport zu Singapur fir 28 Milliounen Dollar un e chinesesche Milliardär verkaf - domat wier eng Perte vun enge 70 Millioune verbonne gewiescht.
De Freeport zu Singapur ass bekannt als “asiatesche Fort Knox”.
Den Yves Bouvier huet domat u sech nëmmen nach via seng Firma “Fortius” Participatiounen un der Struktur vum Lëtzebuerger Freeport, deen zënter 2 Joer offiziell “Luxembourg High Security Hub” heescht.
Et war viru quasi genee 10 Joer, wéi den 1. Spuedestéch fir de Freeport war, dat deemools a Presenz vum Yves Bouvier an de Ministere Luc Frieden an Etienne Schneider.
De Budget fir de Freeport mat sengen 22.000 Meter-Carré ass deemools op 55 Milliounen Euro chiffréiert ginn.
Ëmmer nees war de Geschäftsmodell an d’Scholde vum Freeport an der Aktualitéit:
Net méi spéit wéi den nächste Méindeg kënnt d’Finanzministesch Yuriko Backes an d’Chamberkommissioun, fir op Demande vun der CSV Explikatiounen iwwert d’Zukunft vun der héich gesécherter Fräihandelszon ze ginn.