Bei BeetebuergSchwéiere Verkéiersaccident mat méi Gefierer op der A13

RTL Lëtzebuerg
Um Mëttwoch ass et géint 7.15 Auer moies zu engem Verkéiersaccident mat méi Gefierer op der A13 bei Beetebuerg komm.
© Jeannot Ries

En Automobilist, deen a Richtung Däitschland ënnerwee war, hat d’Kontroll iwwer säi Gefier verluer an ass an d’Leitplanke gerannt. Well d’Siicht-Verhältnisser schlecht waren, ass e weidert Gefier an den accidentéierte Won geknuppt. De Chauffer vum éischten Auto gouf dobäi schwéier blesséiert.

Wéinst dësem Accident sinn direkt e puer aner Autoen hannendrun och anenee gerannt. Do iwwerall blouf et awer beim Materialschued.

Back to Top
CIM LOGO