
En Dënschdeg den Owend ass et op der B53 op der Héicht vun der Sortie Trier-Quint zu engem schwéieren Accident komm. Éischten Informatiounen no sinn e puer Persoune blesséiert ginn. Zwee Gefierer waren aus bis ewell net bekannter Ursaach matenee kollidéiert.
Am Asaz war d'Polizeiinspektion Schweich, déi US-amerikanesch Military Police vu Spangdahlem, d'Rout Kräiz vun Ehrang a Schweich, d'Beruffspompjeeën an den Helikopter vun der Air Rescue. Wärend dem Asaz war d'Strooss am Beräich vum Accident gespaart ginn.