
E Sonndeg de Mëtteg géint 12:30 Auer gouf d'Police an e Geschäft an der Avenue de la Gare an der Stad geruff, an deem geklaut gouf. Eng Persoun hat hei probéiert, fir Parfum matgoen ze loossen. E Sécherheetsbeamte konnt d'Persoun stoppen, iert se fortlafe konnt. Bei enger Kontroll vun der Persoun konnt dunn och effektiv déi geklaute Wuer fonnt a séchergestallt ginn.
Kuerz drop gouf e weideren Déifstall an engem Geschäft an der Rue Alphonse Weicker um Kierchbierg gemellt. Eng Persoun hat Parfum ënnert dem Pullover verstoppt gehat a wollt de Buttek verloossen, ouni ze bezuelen. Och hei konnt d'Sécherheetspersonal déi verdächteg Persoun stoppen.