Invité vun der Redaktioun: Serge Wilmes
Rekordhëtzt am Summer: Dat riskéiert zu enger Reegelméissegkeet ze ginn. Dorobber misst sech Lëtzebuerg astellen a sech upassen, dat sot den CSV-Ëmweltminister Serge Wilmes e Méindeg de Moien am RTL-Interview. Parallel misst een och weider d'Emissiounen, déi Erwiermung provozéieren, erofdrécken.
Eist Land wier gutt preparéiert. Virum Summer gouf nach en Aktiounsplang mat 152 Mesurë virgestallt, fir mam Klimawandel eens ze ginn. Déi Moossname musse weider ëmgesat ginn, zum Beispill wat d'Begréngung vun de Stied ugeet.
D'Regierung géif eng ganz konsequent Klimapolitik maachen. Et misst een elo och Schoulen a Gebaier sanéieren a besser géint d'Hëtzt ekipéieren. Do géifen als Iwwergangstechnik och Klimaanlagen derzou gehéieren.
D'Regierung hätt de Subsidesystem verbessert a bis 2030 verlängert, wat d’Fotovoltaik-Anlagen, déi energeetesch Sanéierung an d'Wäermepompel ugeet. Am Hierscht soll och d'Pre-Finanzéierung vun der Wäermepompel, vun der energeetescher Sanéierung a vun der Elektromobilitéit kommen, sou de Serge Wilmes.
"Mir erwaarden eis, datt mer esou vill méi séier viru komme bei der Energietransitioun", hofft den Ëmweltminister. D'CO2-Emissioune wieren och zejoert ëm 3,5% am Verglach mam Joer virdrun erofgaangen. D'Klimapolitik misst awer nach méi séier a méi einfach goen.
Klimapolitik soll net nerven, hat jo mol de Premier Luc Frieden gesot. Mir stinn och weider zu deem Usproch, huet de Serge Wilmes gemengt. De Premier hätt awer och gesot, Klimapolitik misst begeeschteren. D'Leit solle matgeholl ginn an de Wee dohinner soll einfach a séier sinn. D'Delaie fir e Remboursement fir eng PV-Anlag wären och scho vun 13 Méint op 3 Méint erofgaangen an et wéilt een op ee Mount kommen.
Ugeschwat op d'Kritik, ënnert anerem vum CSV-Parteikolleeg a President vun der parlamentarescher Ëmweltkommissioun Paul Galles, d'Klimapolitik vun der Regierung misst méi konsequent sinn, huet de Minister gemengt, hie wär frou, wa jiddereen op den Zuch géif mat opsprangen. Et géif een awer mierken, datt am Summer Stëmmen opkomm sinn, déi virdru rar waren - "Trittbrettfahrer", déi soen, elo misst ee méi konsequent ginn. D'Regierung hätt ambitionéiert Ziler.
Un e Subsid fir eng Klimaanlag géif een den Ament nach net denken, huet de Minister Wilmes op Nofro hi geäntwert. Mä et géif ee sech deem awer net verschléissen. Mir an d'Politik misste sech wëssen unzepassen.
Rendez-vous fir den Interview mam Invité vun der Redaktioun all Dag vu méindes bis freides um 8 Auer op RTL Radio Lëtzebuerg an am Livestream och op RTL.lu an an der App (Audio a Video). Op RTL.lu an op RTL Play ass d'Emissioun dono och am Replay ze fannen.