Police-Asaz an der Neier AvenueSituatioun berouegt – op onfair Aart a Weis?

Rosa Clemente
Luc Marteling
Zwee Beamte gräifen a bei engem Sträit tëscht zwee Jonken. D'Mamm vun deem enge fënnt, hire Bouf wier manner gutt ewechkomm wéi den eigentleche Sträitmécher.
Bei engem Police-Asaz e Samschdeg den Owend an der Neier Avenue: Ee Beamten immobiliséiert eng Persoun, een anere verjot déi Leit, déi sech wëllen amëschen. An der RTL-Grafik hu mir d'Gesiichter onkenntlech gemaach.
Bei engem Policeasaz e Samschdeg den Owend an der Neier Avenue: Ee Beamten immobiliséiert eng Persoun, een anere verjot déi Leit, déi sech wëllen amëschen. An der RTL-Grafik hu mir d’Gesiichter onkenntlech gemaach.
© Screenshot Handyvideo (beaarbecht)

Eng Kläpp op den Tramsschinnen, Leit, déi ronderëmstinn a Kreesch dinn oder mam Smartphone filmen, Automobilisten, déi sech musse gedëllegen, an eng Policepatrull, déi ugedüüst kënnt, aus dem Auto spréngt an d’Sträitmécher auserneenzitt, een immobiliséiert a sech géint Nokuckerten, déi hir ze no kommen a sech wëllen amëschen, wiert.

Alles dat ass ze gesinn op zwee kuerze Videoen, déi RTL e Sonndeg per Mail geschéckt krut. Et sinn Handyvideoen, déi an Auszich weisen, wat sech de leschte Samschdeg den Owend an der Neier Avenue, net allze wäit ewech vun der Gare, ofgespillt huet. Un RTL weidergeleet goufe se vun der Madamm Crisalida S. Si hat an d’Redaktioun ugeruff, fir sech vehement iwwer d’Virgoe vun der Police ze beschwéieren. Si ass nämlech d’Mamm vun engem vun den zwee Kontrahenten aus der Kläpp a fënnt, datt hire Bouf D. ongerecht behandelt gouf. Hie wier nämlech vun der Police festgehalen a matgeholl ginn, dobäi wier et eigentlech deen aneren, den M., am Video dee mam wäisse Gezei, deen de Sträit ugestiwwelt hätt. An dee wier fortgelaf, iwwerdeems si dono op Bouneweg an d’Police-Kommissariat geruff gi wier, fir do hire Bouf D. ofzehuelen. Alle béid, also den M. an den D., hätte 17 Joer, wieren also mannerjäreg.

Showdown bei de bekannte Fastfood-Restauranten am Stater Garer: Vill Leit sinn – fräiwëlleg oder onfräiwëlleg – Zeie vum Sträit ginn.

Dat beleeën d’Videoopname vum Virfall
Den Tëschefall hätt och eng Virgeschicht, esou d’Crisalida S. op RTL-Nofro e Méindeg den Owend: Déi zwee Jonk wieren zwar net befrënt, hätten awer gemeinsam Kolleegen, géifen dacks zesumme Fussball spillen a sech och reegelméisseg op deene selwechte Plazen erëmdreiwen, weekends zum Beispill an de bekannte Fastfood-Restauranten am Stater Garer Quartier. E puer Deeg virum Incident, esou d’Mamm vum D., soll den M. hire Bouf beim Fussball ugeschwat hunn: Hie géif domm iwwert e schwätzen. Den D. hätt dat niéiert an gesot, e wéilt kee Sträit, esou d’Versioun vum D. senger Mamm géintiwwer RTL.

D’Fauscht ass net an der Täsch bliwwen

E Samschdeg koum et dunn, wéi d’Videoen et beweisen, awer zum Sträit. Der Mamm no géint 21 Auer. Den D. wier mat Kolleegen an engem Fastfood-Lokal op der Gare gewiescht, wéi den M. bei e komm wier a gesot hätt, si sollten dobausse schwätzen. Den D. hätt acceptéiert, ma amplaz ze schwätzen, hätt den M. den D. dobausse beleidegt a mat der Fauscht an d’Gesiicht geschloen. Doropshin hätt den D. sech gewiert.

Dat schéngt effektiv genee déi Kläpperei ze sinn, déi een op den Opnamen erkennt. Aus Grënn vum Jugendschutz huet RTL decidéiert, keng ganz Nimm ze nennen an och just geblurrte Screenshotten ze publizéieren an net déi ganz Videoen. Den Ufank vum Sträit feelt op den Opnamen, déi RTL virleien. Et gesäit een awer drop, datt am Ufank dee wäiss ugedoenen M. d’Iwwerhand huet, dono dee schwaarz gekleeten D. Wien also éischter als Agresseur eriwwerkënnt, ass schwéier ze soen respektiv hänkt vun deem Ament of, an deem een op de Kampf kuckt.

Wéi déi zwee sech matten op der Strooss iwwer den Tramsschinne wenzelen, rifft ee vu baussen op Franséisch, et misst ee se aus der Strooss huelen, et kéim en Auto; deen Ament gräife Leit vu baussen an, esou datt sech e ganze Pak bilt, an da kënnt eng Policepatrull ugefuer. Deen éischte Polizist zitt d’Leit auserneen, schéngt da mam D. op de Buedem ze falen, deen anere Polizist gesäit dat, geet direkt hëllefen an dono kucken da béid Polizisten nom D., wat den M. notzt, fir sech duerch d’Bascht ze maachen.

Mamm: “disproportionéiert Manéier, Fils ze immobiliséieren”

Et sinn déi Zeenen, déi der Mamm vum D. net gefalen. D’Crisalida S. reprochéiert der Police, hire Fils zu zwee mat de Knéien immobiliséiert an deen anere lafe gelooss ze hunn. Hirer Meenung no ass dat eng disproportionéiert Manéier gewiescht, hire Fils an der Gitt ze halen, dofir ass si wëlles, an den nächsten Deeg eng Plainte géint den M. an och eng géint d’Police ze maachen. Den Ament (also e Méindeg den Owend) hätt si nach keng Info doriwwer, ob deen anere Jugendlechen antëscht och vun den Autoritéite kontaktéiert gouf. Si wier e Samschdeg op de Police-Büro geruff ginn a wéi se den Dag drop d’Videoe geschéckt krut, wier se rose gewiescht an hätt RTL kontaktéiert, well se beim Kucke vun de Biller empfonnt hätt, datt hire Fils vun der Police onfair an onnéideg aggressiv behandelt gouf, iwwerdeem deem aneren “näischt geschitt ass”. Hire Fils wier nämlech weeder alkoholiséiert gewiescht, nach hätt e sech géint d’Police gewiert. Nawell hätt en elo d’Knéie geschruppt, d’Lëps geschwoll an de ganze Kierper wéi. Dofir wiere si och e Méindeg an d’Spidol gaangen. Den D. wier nämlech vu schmueler Statur an “normalerweis e ganz Rouegen”.

“Hien ass normalerweis e ganz Rouegen.”
Crisalida S., d’Mamm vum D.

RTL huet e Méindeg och d’Police kontaktéiert a mat de Videoopname konfrontéiert. Si confirméiert en Asaz e Samschdeg den Owend an der Neier Avenue: “D’Beamte waren zum Zäitpunkt vun der Ausernanersetzung kuerz no 22 Auer de 27.12.2025 op enger Patrull an der Rue de Strasbourg, wéi se vu Passanten op d’Ausernanersetzung an der Avenue de la Liberté opmierksam gemaach goufen. Doropshin ass dës Patrull op d’Plaz gefuer an huet probéiert, déi implizéiert Persoune vuneneen ze trennen. Ee vun deenen zwee konnt immobiliséiert ginn, deen aneren ass fortgelaf.”

Domat war den Job vun de Polizisten awer nach net gedoen, well: “Am Kader vun de weidere Moossname vun de Beamten hu missen e puer Persoune vun engem vun den zwee Beamten op Distanz gehale ginn, well déi den Uweisunge vun de Beamten net nokomm sinn a se probéiert hunn, d’Interventioun ze stéieren. Wéi kuerz drop (wat een am Video net méi gesäit) Verstäerkung op der Plaz agetraff ass, sinn zwou vun deene Persounen, déi weider probéiert hunn, d’Moossnamen ze stéieren, enger Fouille ënnerzu ginn.”

Ëffentlech Uerdnung, eege Sécherheet an déi vun aneren

D’Versioun vun der Mamm, datt ee vun deenen, déi gestridden hunn, also hire Fils, vun de Beamte matgeholl gouf, schéngt och plausibel, wann d’Police schrëftlech matdeelt: “Deen an d’Kläpperei implizéierte Mineur gouf mat op d’Policekommissariat geholl, d’Eltere goufen a Kenntnis gesat an et gouf eng Jugendschutzmeldung an e Procès-verbal geschriwwen.”

D’Police preziséiert an hirer Äntwert un RTL och, wat hir bei esou Asätz am wichtegste wier: “Dobäi ass ze soen, dass an esou engem Fall d’Prioritéit vun der Police ëmmer déi ass, d’Situatioun op der Plaz ze berouegen, déi implizéiert Persoune vuneneen ze trennen an déi ëffentlech Uerdnung erëm hierzestellen. Dobäi mussen d’Beamten natierlech op hir eege Sécherheet an op déi vun den anere Persounen, déi op der Plaz sinn oppassen.”

D’Videoe weisen effektiv, datt d’Situatioun an der Neier Avenue séier hätt kënnen eskaléieren. Vill Leit sti ronderëm, e puer filmen, e puer jäizen, ob vu Begeeschterung oder well se Angscht hunn oder well se entsat sinn, ass schwéier ze soen, mee de Police-Duo, deen als éischt op der Plaz ass, ass kloer an Ënnerzuel a muss sech, wéi d’Police selwer matdeelt, och nach géint Amëschunge wieren.

Dierf ee Polizisten am Asaz filmen? Am Prinzip schonn

De Virfall an der Neier Avenue ass net deen éischte vu senger Zort. Ëmmer erëm landen an de Soziale Medien oder kréien d’Redaktioune vun de lokale Medie Videoen zougespillt, déi Leit weisen, déi zum Beispill owes am Garer Quartier uneneegeroden oder nuets op der Paräisser Plaz op Terrasse randaléieren.

D’Videoe vum rezente Virfall geheien och d’Fro op, ob een d’Police iwwerhaapt duerf filmen. Och hei ass där hir Äntwert kloer: “Generell ass et esou, dass e Polizist am Déngscht, deen duerch seng Uniform och als Polizist am Kader vu senger Funktioun erkennbar ass, op enger ëffentlech zougänglecher Plaz ka gefilmt ginn.”

“Generell ass et esou, dass e Polizist am Déngscht [...] op enger ëffentlech zougänglecher Plaz ka gefilmt ginn.”

De Pressebüro vun der Police
Esou wäit, esou gutt, mee ganz esou einfach ass et dann awer net, well och hei spillen, wéi esou dacks, de Kontext an d’Intentioun eng Roll, wéi d’Police per Mail preziséiert: “De Problem ass vill méi d’Benotze vum Material, dat heescht, wann et publizéiert gëtt. Dobäi muss och nach den Ënnerscheed gemaach ginn, ob dës Opname sech an engem generelle Kontext beweegen a sech net geziilt op de spezifesche Beamte bezéien oder ob de Beamte geziilt als Haaptsujet vun de Biller viséiert gëtt. Wann an engem ‘Lieu non accessible au public’ gefilmt gëtt, dann ass prinzipiell d’Averständnis vun deene Leit, déi sech do befannen, néideg.”

Hei geet et bei dat entspriechend Gesetz iwwer d’"Protection de la vie privée”.

Weider schreift de Pressebüro vun der Police: “Wann e Polizist geziilt viséiert a gefilmt gëtt an e sech duerch d’Publikatioun vun deene Biller a senger Dignitéit verletzt fillt oder falsch Informatioune publizéiert ginn, da kann de Beamte wéi all aner Persoun och dem RGPD no ufroen, dass d’Material geläscht oder richteggestallt gëtt. Weider besteet jo och d’Recht op Vergiessen, wéi et am RGPD fixéiert ass.”

Wéi eng Roll d’Filmopnamen an Fall vun der Kläpp an der Neier Avenue nach spillen, bleift ze klären. Se kënnen be-, awer gradesou gutt entlaaschten. A se weisen, wéi esou dacks, och net alles ...

Back to Top
CIM LOGO