"Prescription d’activité physique" Sport a kierperlech Beweegung op Ordonnance vum Dokter

Chris Meisch
Manktem u Beweegung gëllt weltwäit als de véiertgréisste Risikofacteur fir eng méi héich Mortalitéit.
© Chris Meisch

Sport op Ordonnance - E Reportage vum Chris Meisch

Chronesch Krankheete wéi Diabetes, Häerz-Kreeslaf-Erkrankungen oder Iwwergewiicht si just e puer Konsequenzen. Mat reegelméissege kierperlechen Aktivitéite kënnen esou Krankheeten evitéiert ginn. A genau hei setzt d’Konzept vun der “Prescription d’activité physique” un. De Pilotprojet, dee vum Gesondheetsministère lancéiert gouf, gesäit vir, datt speziell forméiert Dokteren hire Patientinnen a Patienten, kierperlech Aktivitéit, déi un hir Gesondheet an hir kierperlech Méiglechkeeten ugepasst sinn, als Deel vun der Behandlung kënne verschreiwen.

D’Konzept vun der „Prescription d’activité physique“ riicht sech u Leit mat chronesche Krankheeten, fir déi reegelméisseg kierperlech Aktivitéiten e wichtege Bestanddeel vun der Behandlung kënne sinn. Déi Leit kënne bei den Hausdokter goen, deen hinnen eng detailléiert Prescriptioun iwwer hire kierperlechen a sportlechen Zoustand schreift, erkläert Dr. Joëlle Kirschten. Fir esou eng Prescriptioun verschriwwen ze kréien, mussen de Patient verschidde Critèren erfëllen.

“Dat sinn elo am Prinzip Patiente mat onkologeschen Erkrankungen, respektiv Diabetes oder kardiovaskulär Erkrankungen, deene mir kënne Sport opschreiwen. De Moment kënne si sech bei der „Flass“ mellen, dat ass eng Organisatioun, déi si dann orientéiert a verschidde Course ka proposéieren, wou si kënne begleedend sportlech Aktivitéite maachen.”

D‘Patienten hunn no der Prescriptioun ee Mount Zäit, sech bei der FLASS, der Fédération Luxembourgeoise des Assocations Sport Santé, ze mellen. Sech sportlech aktiv ze halen, ass fir jidderee gutt, sou Dr. Joëlle Kirschten. All Dag e bësse Sport, oder eleng scho méi séier trëppelen, kann d‘Mortalitéit ëm 15% reduzéieren an d‘Liewensqualitéit wéi och d‘mental Gesondheet verbesseren.

“Wou och ganz vill Etudë gewisen hunn, dass virun allem déi dräi Patientegruppen, déi mir elo uviséieren, dass et do ganz wichteg ass, sech sportlech aktiv ze halen, well dacks Patiente selwer fäerte Sport ze maachen, well si verschidden Erkrankungen hunn, wéi zum Beispill eng kardiovaskulär Erkrankung. Mee dass een awer gesäit, wa si kierperlech aktiv sinn, respektiv och Muskelopbau maachen, dass et hinnen am Alldag vill besser geet an d‘Liewenserwaardung däitlech zouhëlt.”

Den Hausdokter muss eng speziell Formatioun gemaach hunn, fir senge Patienten eng “Prescription d’activité physique” ze verschreiwen. Bis Enn 2025 hu schonn 73 Medezinner an Dokteren dës Formatioun ofgeschloss. Domat ass de Pilotprojet eriwwer, ma wann d’Nofro grouss genuch ass, kéinten an Zukunft nach weider Formatiounen organiséiert ginn, fir nach méi Dokteren an de Projet anzebannen an d‘Offer ze vergréisseren.

Back to Top
CIM LOGO