
D'Subventioun, déi d'Luxembourg Air Rescue vun der Regierung kritt, wäert wéinst aussergewéinleche Käschten, wéi beispillsweis der Hausse vun de Kerosins-Präisser, ëm 40 % an d'Luucht goen. Dat äntwert den CSV-Inneminister Léon Gloden op eng parlamentaresch Fro vum Deputéierte vum Piraten-Deputéierte Marc Goergen. D'Luxembourg Air Rescue kritt jo am Kader vun hirer operationeller Zesummenaarbecht mam CGDIS eng Subventioun vum Lëtzebuerger Staat, dëst ass iwwer eng Konventioun esou festgehalen.