Kritik u vage FormuléierungenStaatsrot gëtt weiderhi keng gréng Luucht fir erweiderte Platzverweis

Pit Everling
Den erweiderte Platzverweis packt et och beim zweeten Ulaf net duerch de Staatsrot.

Rout Kaart och beim zweeten Ulaf fir den erweiderte Platzverweis. An engem Avis complémentaire reformuléiert de Staatsrot verschidde formell Oppositiounen. Kritiséiert gi weiderhin ze vag Formuléierungen. Den Inneminister Léon Gloden wëll deen Avis lo mol analyséieren.

Keng Gréng Luucht fir erweiderte Platzverweis / Rep. Pit Everling

An der Oppositioun gëtt et Stëmmen, déi verlaangen, datt de Projet komplett zeréckgezu gëtt. De Gesetzprojet 8426 ass politesch gesinn ëmstridden, juristesch och. Trotz enger Rei Amendementer kann de Conseil d’Etat net alleguer d’formell Oppositiounen aus dem éischten Avis vum 25. Februar ophiewen. Eng grouss Fro bleift déi, a wéi enge Fäll d’Police däerf intervenéieren. Déi héich Kierperschaft monéiert do weiderhin eng ze vag Formuléierung vun den Notiounen “sécurité, salubrité, tranquilité.”

Do dernieft ass an den Ae vum Conseil d’Etat d’Interventioun vum Buergermeeschter weiderhin net evident. Hei gi Prezisioune verlaangt, fir all Riske vun arbiträren Decisiounen ze evitéieren a fir eng homogen Applikatioun am ganze Land ze garantéieren.

D’LSAP gesäit am Avis complémentaire eng Confirmatioun. “Dat Gesetz hält juristesch gesinn d’Strooss net an et huet Schwaachstellen op déi mir vun Ufank un hiweisen”, seet d’Fraktiounscheffin Taina Bofferding. “Et kann net en Text sinn, deen esou flou, esou vag ass, dass en enorm vill Ermiessungsspillraum zouléisst, ze vill Interpretatioun. Dat heescht domadder sinn net d’Rechter vun de Leit och garantéiert, och fir d’Police ass et warscheinlech net ëmmer ganz evident.”

Fir d’LSAP wier et wichteg, datt déi viséiert Leit mat konkrete soziale Mesurë gehollef kréien. De Platzverweis géing d’Saache just verlageren. D’Gesamtkonzept vun der Regierung géing feelen, bedauert d’Taina Bofferding.

Déi Gréng verlaangen, datt de Gesetzprojet zeréckgezu gëtt

De Problem am Text ass keen techneschen, mä e prinzipiellen an dofir sollt den Text ganz fale gelooss ginn. Dat seet de gréngen Deputéierte Meris Sehovic an enger éischter Reaktioun: “Dat si keng kleng Technikalitéite vum Gesetz. Dat ass de Fong vum Gesetz. An ech mengen, dass d’Conclusioun hei ganz einfach ass. An dat ass och meng Fuerderung. De Léon Gloden soll deen dote Projet de loi einfach zréckzéien.”

Den CSV-Inneminster Léon Gloden wollt RTL keen Interview heizou ginn. An enger schrëftlecher Prise de position heescht et, datt den Avis complémentaire analyséiert gëtt, an datt en zu engem spéideren Zäitpunkt an der zoustänneger Chamber-Kommissioun géing diskutéiert ginn. Den Inneministère erënnert drun, datt den erweiderte Platzverweis am Koalitiounsaccord steet, fir déi ëffentlech Uerdnung ze garantéieren.

Back to Top
CIM LOGO