
Déi Héich Kierperschaft proposéiert en aneren Text. Als Terrass sollt all Espace dobaussen an un der frëscher Loft gemengt sinn, deen op d'mannst zu dräi Säiten op ass. Hei misst een allerdéngs bedenken, datt e Bannenhaff awer net géif ënnert dës Definitioun falen.
Fir de Rescht huet de Staatsrot net vill um Text auszesetzen. Et gëtt just nach d'Fro opgeworf, wéi genee sech en Etablissement definéiert, dat Museksensembelen empfänke kann. Op dem Punkt si jo kleng Ouverturë geplangt, wat d'Distanz an d'Maskeflicht ugeet. Geet et duer, datt heifir Still an e Sall gestallt ginn? freet de Staatsrot.