
Mat dem neie staatleche Pre-Finanzementsmodell gëtt nämlech direkt d’Klimabonus-Subventioun vun der Rechnung vum Installateur ofgehalen, ouni datt muss drop gewaart ginn, datt d’Sue vum Staat zréck iwwerwise ginn. Och d’Batterie fir de Stroum-Stockage ass am neie System mat abegraff.
Praktesch gesinn ass et den Installateur, dee muss d’Subventiounsdemande op Guichet.lu fir säi Client erareechen - sief dat eng Privatpersoun, e Stot oder e Syndic. De maximale Subsid-Montant fir Solarplacken ass bei enger Leeschtung vu 15 Kilowatt-Crête (kWc) erreecht a läit an deem Fall bei 10.000 Euro.
Bis de 4. Mäerz gëllt eng Iwwergangsphas, wou de Client bei Fotovoltaik-Commandë bis deen Datum kann decidéieren, ob hien op déi al Formule, oder awer op de Pre-Finanzement zeréckgräift.
Fir Leit, déi de Schratt an Direktioun Solar-Pannoe maachen, ass nëtzlech ze wëssen, datt um Site vun der Klima-Agence e Simulator funktionéiert, deen all d’méiglech Subventioune kann duerchrechnen.