
Lëtzebuerg um Limit
De Méindeg huet direkt ma enger net esou gudder Nouvelle ugefaangen. De 17. Februar war fir Lëtzebuerg de sougenannten “Overshoot Day”. An anere Wierder: dat war den Dag, op deem de Grand-Duché seng Ressourcen, déi d’Land u sech fir dat ganzt Joer 2025 ze gutt hätt, scho verbraucht huet. Am internationale Verglach steet Lëtzebuerg domat zimmlech schlecht do. Just de Katar, dem säin Overshoot Day de 6. Februar war, geet nach méi verschwenderesch mat senge Ressourcen ëm.
De Commentaire vum Marlène Clement zu deem Thema fannt Dir hei.
Suite an der Affär Weidig
Dës Woch huet den Nationalcomité iwwer Mesurë géint den ADR-Deputéierten Tom Weidig decidéiert. Hien hat jo ee Facebook-Post geliked, an deem stoung, LGBTQ misst “vernischt” (sic) ginn. D’ADR huet Ufank der Woch bekannt ginn, datt den Nationalcomité vun der Partei eng “schrëftlech Verwarnung” géint den Tom Weidig decidéiert hätt.
Der LSAP, deene Gréngen, der CSV an der DP geet dëst awer net wäit genuch. D’ADR hätt Geleeënheet verpasst, ze weisen, datt si net rietsextrem wier. Et hätt ee sech e Parteiausschloss erwaart, sot dann nach de Ben Streff vun der LSAP.
Groussbrand zu Knapphouschent
En Dënschdeg de Mëtteg koum et zu Knapphouschent zu engem grousse Feier an engem Bauerebetrib. Der Police no war een Trakter schold, deen an engem Stall Feier gefaangen hat, an deem och Botte gelagert goufen. Zwou Kéi vun de Virfall net iwwerlieft.
Europa beréit sech zu Paräis iwwer d’Defense
E Méinden den Owend hu sech verschidde Staats- a Regierungscheffen op Invitatioun vum franséische President zu Paräis getraff. Wéi soll ee sech fir Friddensverhandlungen zum Krich an der Ukrain uleeën? A wéi soll Europa op de Changement vun der amerikanescher Sécherheetspolitik reagéieren? Dat alles gouf Ufank der Woch am Elysée-Palais diskutéiert.
E Mëttwoch war och de Lëtzebuerger Premier Luc Frieden mat an der ronn derbäi. “Hei schléit d’Stonn vun Europa”, sot de Premier am Gespréich mat RTL. An der Reunioun wier ënnert anerem gekuckt ginn, wéi een d’Sécherheet vun Europa géintiwwer der russescher Menace kéint an den nächste Jore gestalten.
Groussasaz am Uebst- a Geméisrayon
D’Police gouf e Mëttwoch op een éischter ongewéinlechen Asaz an ee Supermarché op der Cloche d’Or geruff. Am Uebst- a Geméisrayon hate sech e puer Leit an d’Hoer kritt. Iwwer eng Dose Policebeamte waren op der Plaz an haten d’Situatioun séier am Grëff.
Schlechte Kéis
Vum Gréngs dann eriwwer an de Kéisrayon. Do goufen dës Woch direkt eng ganz Rëtsch vu Kéiszorte aus de Regaler geholl, well E.Coli-Bakterien doranner nogewise goufen. Betraff si Morbier-Kéiser aus dem Auchan a Leclerc, ma och fënnef Kéiszorte vun der Mark Jean Perrin.
Sechs nei Apdikten uechter d’Land
Sechs nei Apdikten ginn uechter d’Land op, dat zu Rued-Sir, Wäiswampech, Kënzeg, Stroossen an an de Gemengen Helperknapp a Schengen. Aktuell ginn et zu Lëtzebuerg 102 Apdikten.
Plaintë wéinst gefälschte Krankeschäiner
D’CNS huet am September an am Januar eng Rei Plaintë beim Parquet gemaach, dat nodeems d’Gesondheetskeess d’lescht Joer 265 gefälschte Krankeschäiner detektéiert hat. D’Krankeschäiner wieren online kaaft ginn - een neie Phenomen, deen eréischt 2024 opgedaucht ass, esou d’Santésministesch Martine Deprez an hirer Äntwert op eng parlamentaresch Fro.