Luc Frieden zu Paräis: "Hei schléit d'Stonn vun Europa"
Zu Paräis war e Mëttwoch en Treffen op Invitatioun vum franséische President, wou et ëm d'Sécherheet an Europa géintiwwer der russescher Menace goung.
"Hei schléit d’Stonn vun Europa", esou de Premier Luc Frieden, dee vu Paräis am RTL-Interview zougeschalt gouf. Nodeems de franséische President déi grouss EU-Staaten op eng Urgence-Reunioun e Méindeg empfaangen hat, hat den Emmanuel Macron dëse Mëttwoch nees Regierungscheffen agelueden, dorënner vu Rumänien a Lëtzebuerg, mä och vun Nato-Staaten ewéi Norwegen, Island a Kanada.
De Luc Frieden sot am RTL-Interview no der Reunioun, et wier gekuckt ginn, ewéi een d’Sécherheet vun Europa géintiwwer der russescher Menace kéint an den nächste Jore gestalten. Eng Wafferou an der Ukrain ouni zolitte Fridde wier geféierlech fir Europa, well de Putin soss erëm an der Ukrain op anere Plaze "kéint ufänken".
De Luc Frieden sot, d’EU misst mat decidéieren, wat um Kontinent geschitt, "wa méiglech mat den Amerikaner", déi an der Nato sinn an och keen Interêt hätten, datt de russesche President Putin gewënnt. Am selwechten Otemzuch sot de Luc Frieden awer och, datt een net méi vun engem anere kéint ofhänken. Dowéinst misst "den europäesche Pilier vun der Nato" méi staark ginn fir eng "glafwierdeg europäesch Defense" ze hunn.
Et wier och iwwer Friddenstruppe fir d’Ukrain geschwat ginn, mä fir d’Éischt misst et e Friddensplang ginn an en internationaalt Mandat. Am Moment wier Krich an et misst een d’Ukrain weider mat Material ënnerstëtzen.
Op dem Trump seng Ausso, datt de Selenskyj en Diktator wier, huet de Luc Frieden geäntwert, et soll een net op all Message vum US-President reagéieren.