
Bleift een Dag nom Overshoot Day eigentlech eppes hänken ausser e bësse schlecht Gewëssen? Oder liewe mer net monter weider wéi wann näischt gewiescht wier? D’Welt dréint weider. D’Loft déi mir ootmen ass plus ou moins propper. D’Supermarchéë si voll mat allem wat mer brauchen oder mengen ze brauchen. A suergen net aner Krisen aktuell fir méi Suergen?
Den Overshoot Day ass abstrakt. Och iwwer de de Berechungsmodell léisst sech fir de Lëtzebuerger Kontext diskutéieren, well zum Beispill den Tanktourismus an déi ronn 230.000 Frontalieren, déi all Dag op Lëtzebuerg schaffe kommen, net an d’Rechnung mat afléissen. Et kann een och argumentéieren, datt d’Berechnung sech ze vill op déi weltwäit CO₂-Emissioune konzentréiert an domat aner Aspekter vum Ressourcëverbrauch eventuell net genuch berécksiichtegt. Alles dat dierf awer keng faul Excuse sinn, einfach näischt ze maachen.
Wie mengt, Lëtzebuerg hätt keng Roll ze spillen, iert sech. An aner grouss Länner d’Verantwortung iwwerloosse wier och net gerecht. Soss kann eng kleng Uertschaft an den USA oder a China och froen “Wat hunn ech mam Klimawandel ze dinn?”. Dat froe sech mat Sécherheet och Länner aus dem globale Süden, déi vill manner Ressource verbrauchen ewéi mir, awer am häertste vun der Klimakris getraff ginn. Der UN-Flüchtlingshëllef no hunn eleng 2023 iwwer 26 Millioune Mënsche misse wéinst klimabedéngte Katastrophen ewéi Iwwerschwemmungen, Dréchenten, Canicullen oder Stierm hiert Doheem kuerz- oder laangfristeg verloossen.
Mir kommen net dolaanscht, eise Konsum ze hannerfroen. Eng méi spuersam Gesellschaft kléngt natierlech op den éischte Bléck net gutt fir d’Ekonomie, ma dofir gëtt et den Invest an eng méi nohalteg Energieproduktioun, aner Mobilitéitsformen, aner Liewensmëttel, aner Forme vu Reesen.
A Krisenzäiten an deenen all Dag eng aner Hiobsbotschaft kënnt, kommen engem gäre fatalistesch Gedanken ewéi: “Et ass dach souwisou ze spéit!” oder “Firwat soll ech elo op meng Rees mam Fliger oder op mäi Steak verzichten, wann déi grouss Industrien d’Loft souwisou weider verschmotzen? Ech liewen nëmmen eng Kéier!’’. An et stëmmt. Mir liewen nëmmen eng Kéier. Ma op engem gesonde Planéit léisst et sech dach e gutt Stéck besser liewen.
Eigentlech wëll een ëmmer iwwerall deen éischte sinn. Am Ranking vum Overshoot Day géing ech mir fir Lëtzebuerg de Contraire wënschen.