De Karschnatz huet historesch fréi ugefaangen a war och ganz séier fäerdeg. Besonnesch ugespaant ass d'Situatioun am Fudderubau. Deen drëtte Grasschnëtt wier bal komplett ausgefall, a ville Betriber géingen elo schonn d'Wanterreserven un d'Déiere verfiddert. Rentabel ass de Kärenubau den Ament och net, an dat obwuel d'Präisser ëm 10 bis 15 Prozent eropgaange sinn. E Liichtbléck gëtt et awer beim Wanterraps, Dinkel an Huewer: Bei deenen Zorte stëmme souwuel d'Recolte wéi och de Präis. De Bilan beim Mais fält dogéint ganz gemëscht aus, vu gutt bis "ganz schlecht". D'Felder bräichte fir deen op alle Fall nach zousätzleche Reen.
Allgemeng missten d'Baueren zu Lëtzebuerg sech dem Klimawiessel upassen, sou d'CSV-Landwirtschaftsministesch Martine Hansen e Mëttwoch de Moien. Wéi vill Gréngland genee wéinst der Dréchent dëst Joer e Schued hat, konnt si net soen. De Ministère erwaart sech awer souwuel bei de Kären, wéi dem Mais an och dem Gréngland en héije Schued.