Zeie gesichtTäter blesséiert aner Persoun zu Ettelbréck um Aarm a flücht

RTL Lëtzebuerg
Am Kader vun enger Ausenanersetzung op enger Terrass zu Ettelbréck sicht d'Police no Zeien.
© RTL Grafik

E Mëttwoch koum et géint 17 Auer op der Terrass vun engem Café an der Ettelbrécker Grand Rue zu engem Sträit tëscht zwou Persounen, bei deem eng vun hinnen um Aarm blesséiert gouf. De presuméierten Täter ass doropshi geflücht a gëtt den Ament vun der Police gesicht. Eventuell Zeie vum Virfall si gebieden, sech beim Ettelbrécker Policebüro ze mellen, dat ënnert der Nummer (+352) 244 84 1000 oder per Mail u police.ettelbruck@police.etat.lu.

Back to Top
CIM LOGO