Op NeijoerschdagTäter "léisst sech falen" a klaut Affer dobäi eng Luxus-Auer

RTL Lëtzebuerg
Op Nofro hin huet d'Police RTL géigeniwwer confirméiert, dass et en Donneschdeg zu engem Déifstall an der Uewerstad koum. Och d'Affer huet sech RTL géigeniwwer geäussert.

An der Nuecht op e leschten Donneschdeg, also den 1. Januar, gouf der Police gemellt, dass et géint 5 Auer moies zu engem Déifstall an der Rue Chimay an der Uewerstad koum. D’Affer, dat eis kontaktéiert huet, betount, dass hien an eng Begleetpersoun hei ënnerwee waren, an en Taxi huele wollten. Den Täter hätt si dunn ugeschwat, op se net wéilten mat an d’Disko goen. Wéi d’Police eis géigeniwwer bestätegt a präziséiert, hätt hei den Täter simuléiert op de Buedem ze falen a sech dobäi um Affer ugehalen.

D’Affer ass dovunner ausgaangen, dass de Mann de Mann ze vill gedronk hätt a schwätzt dovunner, dass den Täter d’Been vum Affer ëmklammert hätt. Wéi d’Persoun sech du gebéckt huet fir ze hëllefen, huet den onbekannten Déif dëser d’Auer vum Handgelenk gerappt. Heibäi handelt et sech ëm dëst Luxus-Auer.

Wéi den Täter d’Auer dem Affer vum Handelenk gerappt huet, gouf d’Affer eegenen Aussoen no och liicht un der Hand gekraazt a blesséiert. Den Täter wier dono Richtung Rue Louvigny fortgelaf. Eng Enquête säitens der Police leeft nach ëmmer.

Wéi kann ee sech schützen, wéi soll een am Fall vun de Fäll reagéieren?

An deem Kontext erënnert d’Police nach eemol drun, dass een am beschten op Owender wéi Silvester oder anere Festivitéiten just esou vill Boergeld a Bankkaarten dobäi soll hunn, wéi néideg, dass een owes oder souguer nuets soll a Begleedung sinn, oder de Rucksak oder d’Posch soll méiglechst vir droen, wou een se och am Bléck huet. Och de Portmonni an aner Wäertgéigestänn soll ee méiglechst bannen an der Jackett droen. Ausserdeem soll ee versichen, sou gutt et natierlech geet, e gewëssen Ofstand zu friemen an onbekannte Persounen ze halen. Ass een awer emol Affer gi bei esou Déifställ, heescht et, sech sou séier wéi méiglech beim 113 ze mellen.

An Noutfäll soll ee wärend oder kuerz nom Iwwerfall aner Persounen eenzel uschwätzen an ëm Hëllef bieden. Wärend der Dot ass et besser, dem Täter géigeniwwer net handgräiflech ze ginn, fir sech sou selwer ze schützen, sou d’Police. Ma dofir soll ee sech den Täter awer genee ukucken an Detailer verhalen, déi dono fir eng Täterbeschreiwung wichteg kéinte sinn. Dono soll een dann eng Plainte, respektiv eng Zeienausso bei der Police maachen.

Back to Top
CIM LOGO